Basketball-ChampionnatBartreng bleift Tabelleleader, d'Fiels iwwerrennt de Racing

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg war den Optakt vum 19. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.
© Emile Mentz (Archiv)

D’Sparta Bartreng bleift no enger 87:54 Victoire géint d’Musel Pikes un der Tabellespëtzt. D’Gäscht louche wuel 9:0 a Féierung, duerno huet d’Lokalekipp awer dominéiert a fréi fir d’Entscheedung gesuergt. De Yannick Verbeelen (18 Punkten) a Max Logelin (14 Punkten) hu bei der Sparta am beschte getraff.

De Co-Leader Arantia deklasséiert de Stater Racing mat 116:95. D’Lokalekipp louch an der Paus mat 73:43 a Féierung an hat schonn 12 Dräier virum Säitewiessel getraff. Am drëtte Véierel huet d’Arantia d'100-Punkte-Mark geknackt, Spannung sollt an dësem Match keng opkommen. Fënnef Spiller bei der Arantia hunn zweestelleg getraff, 27 Punkten goungen op de Kont vum Anthony Carter.

Back to Top
CIM LOGO