E Mettwoch hunn d'Gäscht vu Bartreng den zweete Match vun der 1/2-Finall mat 82:70 géint Diddeleng fir sech entscheet. Si hunn d'Serie 2:0 gewonnen a stinn domat als éischt Ekipp an der Finall.
D'Gäscht si staark an d'Partie gestart a louchen nom éischte Véierel 22:14 a Féierung. De Profispiller Victor Iwuakor, dee sech am éischte Match blesséiert hat, konnt zwar agesat ginn, war allerdéngs net richteg fit an huet doduerch och net seng gewinnte Spillzäit kritt. Bei der Sparta huet sech d'Verantwortung allerdéngs op e puer Spiller verdeelt an esou konnten d'Gäscht de Virsprong bis zum Enn vum drëtte Véierel geréieren. Am leschte Véierel ass Diddeleng méi staark ginn an huet duerch en Dräier vum Jimmie Taylor dräi Minutte viru Schluss eng éischte Kéier d'Féierung an der Partie iwwerholl.
An enger enker Schlussphas hat d'Sparta a Persoun vum Jarvis Williams de stäerkste Spiller, hien huet wichteg Schëss getraff a koum um Enn op 37 Punkten. De Max Logelin (16 Punkten) a Yannick Verbeelen (15) hunn och iwwerzeegt.
Um Donneschdeg huet d'Etzella Ettelbréck sech an engem Krimi mat 83:80 zu Steesel duerchgesat, d'Serie 2:0 gewonnen a sech domat fir d'Finall géint d'Sparta Bartreng qualifizéiert.
Am éischte Véierel ass béiden Ekippe kaum eppes gegléckt an et si wéineg Kierf gefall. Steesel huet sech am zweete Véierel a klenge Virsprong erspillt (22:14). D'Gäscht sinn eréischt zum Schluss vum zweete Véierel wakereg ginn an hunn et du fäerdeg bruecht, duerch e puer gutt Aktioune mat enger 33:31-Féierung an d'Paus ze goen.
D'Partie ass nom Säitewiessel spannend bliwwen, Steesel louch meeschtens e puer Punkte vir, konnt sech allerdéngs net entscheedend ofsetzen. Zum Schluss ass richteg Spannung opkomm, bei Ettelbréck huet de Profispiller Davis ronn 4 Minutte viru Schluss misse mat 5 Feeler vum Terrain. Um Enn konnte sech d'Gäscht awer knapp duerchsetzen.
De Billy McDaniel konnt 24 Punkte fir d'Gäscht markéieren.