Hei kruten talentéiert Jugendspiller d’Méiglechkeet, sech ze weisen an am beschte Fall eng Chance ze kréien, an den USA ze studéieren a Basketball op héijem Niveau ze spillen. Eng Offer, déi direkt e puer Nowuessspiller ugezunn huet.
De Rick Brooks ass dobäi keen onbekannten Numm zu Lëtzebuerg. Hie war zu Steesel an Ettelbréck aktiv a rezent och Jugend-Nationaltrainer an der Slowakei.
Organiséiert gouf de Camp vun ale Bekannten: fréier Nationalspiller, déi selwer scho mam Brooks zesummegeschafft hunn. De grousse Moment vum Camp war awer de Showcase. Den Yves Braun, President vun Avanti Mondorf: “Dat war éischter eng spontan Iddi vum Rick, deen huet eis gefrot, ob hien dat dierf maachen, well hien en neie Projet lafen huet. Ech weess elo grosso modo, dass hien de Lëtzebuerger wëll hëllefen an ënnerstëtzen. Jiddweree weess, an Amerika, an op d’Uni ze goen ass net bëlleg, an op eng High School ze goen ass och net bëlleg. Dat hei ass e Wee fir et vläicht méi abordabel ze maachen an eise Jongen eng Chance ginn, och dësen Dram ze erfëllen.”

Fir d’éischt stoung awer emol de Camp u sech am Vierdergrond wou jidderee vun de Coache perfekt encadréiert gouf an deen een oder aneren Tuyau mat op de Wee krut.
De Mike Feyder, Trainer vun der Dammenekipp vu Sparta Bartreng: “Dat hei ass e Camp an dat ass eppes, wat mir gutt gefält, wou net probéiert mat grousse Show-Effekter sech bekannt ze maachen, mee einfach nëmme Grassroots-Basketball wëll vermëttelen an dofir kommen ech och gären erëm zréck, fir wierklech un deem ze schaffen, wat wichteg ass am Basket.”
D’Iwwerschrëft vum Camp “The Pride of Luxembourg” huet dobäi och eng ganz besonnesch Bedeitung.
Et war eng gewëssen Neroviséit ze spiere bei de Participanten, op déi sech de Rick Brooks méi genee presentéiere wollten.
Den Arthur Ladonet vun Avanti Mondorf: “Mäin Dram ass et Profi ze ginn. Esou eng Opportunitéit hu mer net, vläicht zwee oder dräi maximum mam Land oder an der ganzer Regioun. Et ass wierklech eng super Opportunitéit fir mech, wann alles gutt ofleeft, kéint ech vläicht an d’USA goen.”
De Sprong an Amerika ze packen ass net einfach mee dohannen ze bestoen ass nach e ganz aneren.
De Rick Brooks: “Ech weess, dass talentéiert Spiller a Lëtzebuerg sinn, mee och an Europa. Si hunn all Ambitiounen, si wëlle wësse wéi et ass am Ausland ze spillen a wat e bedeit, e professionelle Basketspiller ze sinn. Dëst ass eng Méiglechkeet, fir hinnen ze weisen, wat am professionelle Beräich gefuerdert gëtt. An Europa léiert e Spiller, wéi mäi Bouf och zum Beispill, Base vum Basket besser wéi bei eis, mee an Amerika ass méi eng grouss Konkurrenz géint déi ee sech duerchsetze muss an dat ass dat schwieregst.”
Um Enn huet de Rick Brooks véier Spiller ausgewielt, dorënner och den Arthur Ladonet. Si kréien elo d’Méiglechkeet, sech an den USA ze beweisen an hirem Dram Profi-Basketspiller ze ginn, e Stéck méi no ze kommen.