
Bei den Häre stinn e Samschdeg den Owend zwee decisiv Matcher vun de 1/4-Finallen um Programm.
D’Sparta Bartreng setzt sech um Samschdeg auswäerts beim AB Contern däitlech mat 74:61 duerch, gläicht d’Serie 1:1 aus an erkämpft doduerch en decisiven drëtte Match, deen nächste Weekend zu Bartreng gespillt gëtt.
No enger iwwerraschender Defaite am éischte Match vun der Serie ass de Coupe-Gewënner Bartreng ganz konzentréiert an d’Partie gestart a louch nom éischte Véierel schonn 23:8 a Féierung. Conter huet sech am zweete Véierel zwar gesteigert an de Réckstand verkierzt, mee Bartreng konnt sech am drëtte Véierel mat bis op 20 Punkten Virsprong ofsetzen.
D’Lokalekipp huet am leschte Véierel alles probéiert, konnt awer net méi fir Spannung suergen. D’Jordan King konnt 28 Punkten fir d’Sparta markéieren, d’Bridget Yoerger koum op 19 Punkten an 13 Rebounds. Um Sonndeg spillt de Basket Esch géint den T71 Diddeleng, d’Gäscht kënne mat enger Victoire an d’Finall anzéien.