
An enger ëmkämpfter Schlussphas vun der Dammen-Staffel am schwedeschen Östersund konnt sech déi norwegesch Formatioun d’Goldmedail sécheren. Sëlwer goung un d’Schwedinnen a bronze un d’Ukrain.
Domat ass déi däitsch Formatioun ronderëm d’Laura Dahlmeier net op de Podium komm. Um Enn muss sech DSV-Formatioun mat der ondankbarer 4. Plaz zefridde ginn.
Bei den Häre war et am fréien Owend keng manner spannend Course, wéi e puer Stonne virdru bei den Dammen. Norweeger waren äiskal an hunn déi mannste Feeler beim Schéisse gemaach. Hannert si op de Podium op déi 2. Plaz koum Däitschland. Russland konnt sech iwwerdeems déi 3. Plaz kropen.