Internationale FuttballBenfica wënnt däitlech, Inter Mailand spillt just gläich

RTL Lëtzebuerg
Um 15. Spilldag a Portugal iwwerhëlt Benfica Lissabon virleefeg d'Tabelleféierung.
© AFP

Mat engem 3:0 géint den FC Famalicao kënnt Benfica elo op 36 Punkten no 15 Matcher an zitt laanscht de Konkurrent vu Sporting Lissabon. Déi hu 34 Punkten a spillen eréischt e Samschdeg den Owend auswäerts géint den SC Portimonense.

Um Freideg den Owend um 21 Auer war nach de Match tëscht dem FC Porto a GD Chaves.

An Italien waren an der Seria A um Freideg den Owend direkt 4 Matcher.

Den AC Florenz huet 1:0 géint den FC Turin gewonnen. Den SSC Neapel koum net iwwert en 0:0 géint den AC Monza.

Lazio Roum géint Frosinone Calcio ass mat 3:1 op en Enn gaangen.

Den Tabelleleader Inter Mailand huet sech auswäerts bei CFC Genua 1893 schwéier gedoen a Punkte leie gelooss. Iwwer 8 Minutte gouf nospille gelooss an awer stoung et um Enn 1:1. Inter Mailand bleift un der Tabellespëtzt mat 45 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO