Schi AlpinClément Noël setzt sech am Slalom zu Wengen duerch

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme kann d'Mikaela Schriffrin hier Avance am General duerch d'Victoire am Super-G weider ausbauen.

Um Sonndeg stoung am Schi Alpin bei den Hären de Slalom zu Wengen an Däitschland um Programm, bei den Damme war et de Super-G zu Cortina d'Ampezzo an Italien.

An enger enker Course konnt sech de Fransous Clément Noël déi éischte Plaz sécheren, dëst mat 0,08 Sekonne virum Manuel Feller aus Éisträich. Op déi drëtte Plaz koum de Marcel Hirscher, deen domat seng Féierung am General awer weider behaapte kann, dëst mat insgesamt 976 Punkten. Zweete bleift den Henrik Kristoffersen aus Norwegen mat 571 Punkten.

Bei den Damme konnt sech um Enn d'US-Amerikanerin Mikaela Schiffrin duerchsetzen, dëst mat 0,16 Sekonne virum Tina Weirather aus Liechtenstein. Op déi drëtte Plaz koum d'Tamara Tippler aus Éisträich.
Am General kann d'Schiffrin hier Avance virum Petra Vlhova ausbauen. D'US-Amerikanerin huet elo 1494 Punkten um Compte, d'Slowakin op der zweeter Plaz steet bei 898 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO