
Um Samschdeg stoung am Schisprangen de Weltcup zu Zakopane a Polen um Programm. Beim Team-Sprangen war déi däitsch Formatioun ënnert dem Stréch déi stäerkste Natioun. Nodeems déi däitsch Hären ewell nom éischten Duerchgang a Féierung louch, hu si sech dës Féierung am zweeten Duerchgang net méie huele gelooss. Um Enn war et awer eng ganz knapp Entscheedung tëscht Däitschland an Éisträich.
Nodeems den Eisenbichler fir seng Formatioun ee Fluch op 143 Meter stoe konnt, hat et gutt fir déi däitsch Delegatioun ausgesinn. Duerno koum awer de Schock. Den David Siegel konnt säi Sprong net stoen a war gefall.
Um Enn hat Däitschland 0,1 Punkt Virsprong virun Éisträich. Drëtte gouf d'Formatioun aus Polen.