Luc Holtz"Danel Sinani am offensive Beräich bei Roude Léiwen net ewechzedenken"

Franky Hippert
Déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp huet am Mäerz d'nächst Joer déi wichtegst Rendez-vousen aus deene leschte Joerzéngten.
© Val Wagner

D’Rout Léiwen kënne sech iwwert d’Play-offs vun der Nations League fir d’Europameeschterschaft am Summer an Däitschland qualifizéieren. Den Danel Sinani krut vun der UEFA fir seng rout Kaart an der leschter Partie an der Europameeschterschaftsqualifikatioun a Liechtenstein eng Spär vun zwee Matcher. D’FLF ass jo awer dogéint an Appell gaangen. Op d’mannst emol fir d’Halleffinall, den 21. Mäerz a Georgien géint d’Lokalekipp, ass de Spiller vu Sankt Pauli awer wuel net dobäi. Et ass eng Absence, déi wéi wäert doen, seet den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz.

“En ass am offensive Beräich net ewechzedenken, well et e Spiller ass, denken ech, fir e Géigner schwéier ze decken ass, e variéiert vill vu senge Positiounen hier, datt en bausse kann ugespillt ginn, e kann bannen tëscht de Linnen ugespillt ginn. En huet eng enorm Qualitéit an de leschten 20 Meter wat déi lescht Pass ubelaangt, wat den Ofschloss ubelaangt, och do ass en extrem präzis. Et ass e bësse Schued, datt en net méi Spillpraxis zu Sankt Pauli huet, well dat spillt natierlech och ëmmer mat op d’Selbstvertraue vun engem Spiller, an da ginn ech dovun aus an ech hoffen, datt déi Spär op ee Match erofgesat gëtt an da kéint e jo deen 2. Match heiheem matspillen. Et muss een ëmmer vum Positiven ausgoen an ech elo emol einfach dovun aus, datt den Danel de 26. mat eis um Terrain steet.”

Am beschte Fall wär dat an der Final vun der Nations League Divisioun C. De Géigner heescht dann entweder Griicheland oder Kasakstan an, an där Partie géif et dann net manner wéi ëm d’Qualifikatioun goen, fir den nächste Summer op der Europameeschterschaft an Däitschland dobäi ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO