
A 19 Gemengen* uechter d’Land kann een de Samschde verschidde Sportaarten ausprobéieren. Dat am Kader vun der Nuit du Sport. Wéi d’Organisatioun an enger Pandemie verleeft, huet d’Monica Camposeo nogefrot.Déi 12. Editioun ass anescht, mä et war den Organisateuren an de Veräiner wichteg, d’Nuit du Sport dëst Joer net ofzesoen. D’lescht Joer, nach matzen am Confinement an enger grousser Onsécherheet hätt d’Nuit du Sport net kënnen organiséiert ginn. Dat soll dëst Joer nogeholl ginn, esou d’Elisabeth Binck vum Service national de la jeunesse:Natierlech ass dëst Joer net alles méiglech, wat soss ëmmer méiglech war. Dat heescht, et gëtt eng méi kleng Editioun, déi sech op d’Sportateliere baséiert. Well et dat ass, wat een den Ament ka maachen.Déi meeschten Aktivitéite sinn dobaussen an op ënnerschiddleche Plaz, esou dass sech d’Leit gutt verdeele kënnen. Mat dobäi si Gemengen aus allen Regiounen, vu Clierf iwwer Schenge bis Péiteng.Op all Plaz ginn et Limitatiounen. All Organisateur huet gekuckt, dass net ze vill Leit zesummen an engem Atelier sinn an dann eben e Planning opgestallt mat Auerzäiten. Dat heescht, et ass wichteg fir am Virfeld ze kucken, wann een op eng Plaz wëll goen, ob ee sech am Virfeld muss umellen oder ob ee sech och op der Plaz umelle kann.Waassersportaarten wéi Seegelen, Stand-Up-Paddling oder Kayak ginn et zu Lëlz um Stauséi. Zil vun der Nuit du Sport ass et, verschidden Aktivitéite kënnen auszeprobéieren. Dowéinst ass och fir all Alter a Fitness-Niveau eppes dobäi.Et ginn och Aktivitéite fir eeler Persounen, Senioren, wéi zum Beispill méi douce Saachen, Nordic Walking oder Seniore Gym.Dës Editioun vun der Nuit du Sport ass wuel manner festiv, ma dofir stinn d’Sportaarte mat den ënnerschiddlechen Atelieren am Virdergrond. Op der Plaz wäert et och Food-Trucks ginn, ma dat awer haaptsächlech fir den Take Away, sou dass sech d’Leit och net all op enger Plaz versammelen.*19 Gemenge sinn dëst Joer dobäi, dat ënnert dem Slogan “Maach mat a probéier aus!”. Dëst wieren: Beetebuerg, Biissen, Klierf, Conter, Feelen, Keel, Koplescht, Leideleng, Lëlz, Stad Lëtzebuerg, Manternach, Munneref, Péiteng, Réiser, Sandweiler, Schengen, Schieren, Schëffleng et Schëtter.
Weider Infoen an Detailer ginn et um offizielle Site vun der Nuit du sport.

| Nuit du sport - 12e édition (05.06.2021) | |
| |
La Nuit du sport, un évènement incontournable dans le domaine du sport-loisir revient le 5 juin 2021 avec sa 12e édition. Après une édition annulée en 2020 - crise sanitaire oblige - l’édition 2021 a été planifiée et mise en œuvre dans une optique d’optimisme et s’annonce dorénavant sportive et variée. L’initiative a été lancée pour la première fois en 2009 par le Service national de la jeunesse (SNJ) et le ministère des Sports (MSP) dans le cadre du plan d’action national «Gesond Iessen, Méi Beweegen» (GIMB). Lors de ce rendez-vous annuel, les communes mobilisent clubs sportifs, commissions des sports, maisons de jeunes et autres associations et structures pour proposer des activités sportives et originales autour de la découverte sportive et du mouvement. Au total 19 communes et autres organisateurs se sont inscrits pour organiser le 5 juin 2021 une soirée inédite autour de la découverte de pratiques sportives sous le slogan «Maach mat a probéier aus!». Du nord au sud, de l’ouest à l’est, le visiteur pourra découvrir un programme sportif dans les localités suivantes: Bettembourg, Bissen, Clervaux, Contern, Feulen, Kayl, Kopstal, Leudelange, Lultzhausen, Luxembourg, Manternach, Mondorf-les-Bains, Pétange, Roeser, Sandweiler, Schengen, Schieren, Schifflange et Schuttrange. Même si le côté festif de l’évènement doit attendre une prochaine édition, des découvertes inoubliables attendent le visiteur cette année: Aikido, Beachvolleyball, Canoë-Kayak, Darts, Escalade, Kan Jam, Kick-Boxing, Nordic Walking, Parkour, Teqball, Zumba ne sont que quelques exemples des activités sportives que le visiteur peut découvrir à cette occasion. Variété et originalité sont au rendez-vous! Informations détaillées, l’intégralité des programmes d’activités et modalités d’inscriptions peuvent être consultées sur le site web officiel: www.nuitdusport.lu |