NASCAR Euro SeriesDe Grousse Präis vun Tschechien vu 17:00 Auer u live op RTL

RTL Lëtzebuerg
Zu Most an Tschechien ass et de Weekend d'Suite vun der NASCAR Euro Series.

De Lëtzebuerger Gil Linster geet an der NASCAR Euro OPEN mat der Startnummer 50 un den Depart, dat op engem Ford Mustang vum Team Hendriks Motorsport.

An der EuroNASCAR stinn dës Saison 6 Course-Weekender um Programm. D'Courssen 1-6 goufe well gefuer. De Weekend gëtt an Tschechien déi zweet Hallschent vun der Saison lancéiert. All d'Coursse vun der EuroNASCAR gi live op RTL.lu, der App an RTL Play iwwerdroen.

NASCAR Euro OPEN - RACE 1, mir iwwerdroen de Programm op RTL.lu an um RTL Play
Samschdeg, 29. August 2026:
Ufank vun der Emissioun: 17:00 Auer
Course: 17:25 Auer
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 18:25 Auer

NASCAR Euro OPEN - RACE 2, mir iwwerdroen de Programm op RTL.lu an um RTL Play.
Sonndeg, 30. August 2025:
Ufank vun der Emissioun: 10:25 Auer
Course: 10:50 Auer
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 11:50 Auer

De weidere Programm

© NASCAR Euro Series

Back to Top
CIM LOGO