Handball LIVE op RTL.luWie séchert sech den éischten Titel vun der Saison? Kuckt de Supercup vu 15:00 Auer un am Livestream

RTL Lëtzebuerg
Ier de 5. September déi nei Handball-Saison mam Championnat lancéiert gëtt, ginn de Weekend schonn déi éischt Titele verdeelt.

E Samschdeg ginn um Dribbel zu Bascharage déi éischt Titele vun der neier Handball-Saison verdeelt. Am Supercup sti sech vu 15:00 Auer u bei den Dammen de Champion Diddeleng an de Coupe-Gewënner Käerjeng géintiwwer. Um 17:30 Auer ass et un den Hären. Hei spillt de Champion Déifferdeng géint de Coupe-Gewënner Esch.

De Livestream gëtt vun ApartTV produzéiert.

Den éiscchte Weekend am September start déi nei Saison am Championnat. De Programm fannt Dir op RTL.lu. Och dës Saison ginn d'Matcher nees an der RTL Live Arena um RTL Play iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO