Spiller vun de klenge LännerDe Johny Goudenbour erënnert sech un d'JPEE 1995 zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Am Juni 1995, also viru 25 Joer, waren d´Spiller vun de klenge Länner eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg.

JPEE/Reportage Rich Simon

Fir deemoleg Verhältnisser war dat eng riseg Organisatioun. Ee vun de Sportler behält déi Spiller a ganz spezieller Erënnerung. An dat ass de Johny Goudenbour. Hie war et nämlech, deen d'Éier viru 25 Joer hat, fir de Lëtzebuerger Fändel bei der Zeremonie d'Ouverture am Josy Barthel ze droen. Nach haut ass déi fréier Nummer 1 am Lëtzebuerger Tennis houfreg do drop.

Dat huet mir bewisen, dass den COSL alleguerten déi Resultater, déi ech op de JPEE ënnertstëzt huet: Et et war déi 3. Goldmedail am Simpel an déi 1. am Dubbel.

Fir de Johny Goudenbour waren d'Spiller zu Lëtzebuerg schonns déi 5 bei deenen hien dobäi war. Just bei der éischter Editioun zu San Marino huet hie gefeelt. Dat hat awer ee gudde Grond. Den Tennis war do nämlech net als Sportaart dobäi.

D'Spiller vun de klenge Länner hat bei mir ëmmer ee ganz grousse Stellewäert. Ech hu mäi Land vertrueden an ech konnt dozou bäidroen, dass de Medailespigel an d'Luucht gaangen ass.

Am Ganze war de Johny Goudenbour als Sportler bei 7 Editiounen vun de Spiller vun de klenge Länner mat dobäi. Virun allem d'Ambiance bleift him a gudder Erënnerung

Déi war op alle Spiller zesumme mat den Athlete genial. Et ass och dat, wat mir immens Spaass gemaach huet, fir mat dobäi ze sinn.

Vun deene 7 Spiller vun der klenge Länner sinn der 3 speziell beim Johny Goudenbour hänkebliwwen.

Fir mech perséinlech waren déi flottste Spiller vun de klenge Länner Monaco, Andorra an natierlech Lëtzebuerg. Dat net nëmmen um sportleche Plang.

Well dat Aussersportlecht ass och wichteg bei de Spiller vun de klenge Länner.

Back to Top
CIM LOGO