Kee Musée, mee éischter eng Zort MekkaDe Lucien Hilger wëll eng Plaz schafen, déi sech ganz ronderëm de Vëlo dréint

Marc Hoscheid
Zanter knapp 20 Joer wier een ouni Succès op der Sich no der richteger Plaz. Elo setzt een nei Hoffnungen an den Tour de France an an d'Kierch.
© Marc Hoscheid

Sief et fir op d'Aarbecht ze kommen, Héichleeschtungssport ze bedreiwen oder einfach entspaant an der Géigend ronderëmzefueren, et gëtt ganz ënnerschiddlech Grënn, fir de Vëlo ze notzen. De Lucien Hilger ass ee Vëlosenthusiast a probéiert zanter ronn 20 Joer, eng Plaz ze schafen, wou all déi verschidde Facettë vum Drotiesel presentéiert kënne ginn. Nodeems een de Projet scho bal opginn hat, ass lo nees e bëssi Hoffnung do.

Vëlosmekka zu Lëtzebuerg - E Reportage vum Marc Hoscheid

2007 hat een am Fong scho gemengt, et hätt ee mat de Rotonden zu Bouneweg déi passend Plaz fonnt. Konkret Pläng louchen och schonn um Dësch, mee déi waren um Enn awer fir de Pabeierkuerf. D'Wuert Musée héiert de Lucien Hilger an Zesummenhang mat sengem Projet net sou gären, well och wann een duerchaus och historesch Vëloen ausstelle wéilt, kéimen awer nach eng Partie aner Dimensioune mat dobäi: "Dat geet vun enger Vëlosschoul iwwert Vëlosatelieren, et kéinten dono Associatiounen dra sinn, et kéint och ee Kiné dra sinn, gesond Restauranten, also eng Plaz, wou de Vëlo sech e bëssi soll presentéieren an d'Leit motivéieren, rëm op de Vëlo ze klammen, wat jo awer lo och am Trend vun der Zäit ass."

Nei Motivatioun, fir de Projet nees méi intensiv virunzedreiwen, huet dem Lucien Hilger virop de Fait ginn, datt den Tour de France am Joer 2028 rëm duerch Lëtzebuerg fuere soll, och wann de Grand-Duché kee Grand-Départ kritt. D'Visibilitéit, déi de Vëlo esou krit, wéilt een notzen. Datt zu Munneref ee Vëlodrome entsteet, fënnt hien zwar gutt, mee déi zwee Projete mateneen ze kombinéieren, wier awer keng Optioun: "De Vëlodrom läit fir dëse Projet zimmlech ongënschteg. Dat Wichtegst wier scho mol, datt ee mat Zuch oder mam Tram oder mam Bus, mam ëffentlechen Transport, no dohinner kënnt an dat ass net de Fall. E läit och net ganz zentral, et wier flott, wann ee sou eppes méi zentral kéint maachen, eise Projet misst op alle Fall am Beräich Miersch, Lëtzebuerg leien, dat wier net schlecht.

© Marc Hoscheid

D'lescht Joer hätt ee Kontakt mat engem Privatmann gehat, fir ee Projet zu Bouneweg ze realiséieren, et wier een de Site och kucke gaangen, mee déi Diskussioune wieren an der Tëscht e bëssi ageschlof. Fir de Lucien Hilger gëtt et awer och nach eng aner interessant Piste: "Datt ee vläicht an all deene Kierchen, déi lo eidel stinn oder wou net méi vill leeft, datt een do sou ee Projet kéint lancéieren. Deen ass jo net aggressiv, et ass keng Disco, et ass kee Supermarché. Also sou eppes kéint ech mer zum Beispill virstellen, datt ee mol nees a Kontakt mam Kierchefong kënnt a mat deenen esou eppes undenkt."

Kontakt besteet iwwerdeems scho mat der Sportministesch Martine Hansen. Wéi si op Nofro hi matdeelt, soll et Enn dës Joers zu engem Treffe kommen. Op d'Politik ugeschwat, verstoppt de Lucien Hilger net, datt hie sech méi vun de Gréngen erwaart hat, déi jo ëmmerhi vun 2013 bis 2023 Deel vun der Regierung waren:"Et ass schonn iwwerraschend, ech hunn d'Impressioun, datt ee Yuriko Backes elo méi mécht, wéi de Virgänger an deem Ministère, dat ass schonn extra. Ech wëll lo Kengem ze no trieden, mee do sinn ech e bëssi vun de viregte Regierungen enttäuscht, well do jo awer déi Leit souze, wou ee mengt, déi stinn dem Vëlo no."

Awer och mat der aktueller Regierung dierft de Projet net vun haut op muer Realitéit ginn. D'Martine Hansen ënnersträicht, datt et een zimmlech ambitionéierte Projet mat ville verschiddenen Aspekter wier a reegt un, dëse Schratt fir Schratt ëmzesetzen. Domadder kéint de Lucien Hilger gutt liewen, et kéint een zum Beispill mat der Vëlosschoul an den Atelieren ufänken an déi aner Beräicher kéimen dann no.

Wat déi historesch Gefierer ugeet, déi am Kader vum Projet gewise solle ginn, hätt ee Kontakt mat engem neie Vëlosmusée, deen amgaangen ass zu Baaschtnech opgebaut ze ginn an dee vill Ausstellungsstécker duebel huet. Och de Sportsministère hätt eng ganz Partie Saachen, déi aktuell an enger Hal gelagert géinge ginn.

Back to Top
CIM LOGO