Tennis-LegendDe Roger Federer feiert säin 100. Titel

RTL Lëtzebuerg
Beim ATP-Tournoi zu Dubai huet de Schwäizer Tennisspiller Roger Federer beim Succès iwwert den Tsitsipas Geschicht geschriwwen.
© afp

No der Victoire vum Roger Federer an der Finall vum ATP-Tournoi zu Dubai iwwert de Stafanos Tsitsipas kann déi Schwäizer Tennis-Legend säin 100. Titel um Proffi-Circuit feieren.

An der Finall huet hien an zwee Sätz mat 6:4 a 6:4 géint dat griichescht Nowuesstalent gewonnen.

Just den Jimmy Connors steet mat 109 Succèsen a senger Carrière awer nach virum 20-fache Grand-Slam-Gewënner.

Back to Top
CIM LOGO