
De Yannick Lieners war haut am Cross Country zu Diddeleng de Séiersten. Um Enn hat hien eng Avance vu 7 Sekonne virum Max Lallemang. Drëtte gouf de Laurent Reichling, dëst mat engem Retard vun 41 Sekonnen op de Vainqueur. Bei den Dammen huet d'Ungarin Zsanett Moczo mat engem Virsprong vun 2 Sekonne gewonnen. Bescht Lëtzebuerger gëtt d'Isabelle Hoffmann als drëtt.