
An der éischter Belscher Divisioun ass et fir de Chris Zuidberg a Waremme besser gelaf a bei hinnen ass et emgedréint a wannen mat 3:0 (25:21, 25:19, 25:12) géint Guibertin.
An der éischter Baskteball Bundesliga vun den Dammen verléiert d'Magaly Meynadier mat den Angels mat 67:81 géint Rutronik Stars Keltern.
Am Handball konnten d'Tigers Waiblingen mat 25:22 géint Trierer Miezen gewannen. Bei dëser Partie war d'Lëtzebuergerin Tina Welter de ganze Match iwwer um Terrain a konnt mat hirer Leeschtung an engem perséinleche Gol dozou bäidroen, datt hir Ekipp, no engem 8:10-Réckstand an der Paus, d'Partie nach gewanne konnt.
Am däitsche Basketball hunn d'Gladiators Tréier e Freideg den Owend an der Pro A mat 84:77 géint d'Kirchheim Knights gewonnen. Den Thomas Grün stoung knapp 14 Minutten um Terrain, ma huet awer kee Punkt markéiert. 5 Spilldeeg virum Enn vun der Qualifikatiounsronn steet Tréier op der 8. Plaz an der Tabell a wär domadder fir de Playoff qualifizéiert. D'Karslruher Lions op der 9. Plaz hunn allerdéngs wéi Tréier 26 Punkten um Konto.