
Déi norwegesch Ekipp hat et iwwerdeems e Mëttwoch virgemaach. Hannergrond ass d’Mënscherechtssituatioun am WM-Gaaschtland Katar. D’Spiller hate beim Opwierme virum Match géint de Gibraltar fir d’éischt wäiss T-Shirte mat der Opschrëft “Respect – On and off the pitch” (“Respekt - op an nieft dem Terrain”) un. Bei der Nationalhymne duerno waren et dunn änlech Shirten, déi Kéier stoung awer “Human rights – On and off the pitch” (“Mënscherechter - op an nieft dem Terrain”) drop.
Dass de Katar zréckbehale gouf, fir d’WM 2022 auszedroen, ass ganz ëmstridden. Diskussiounen doriwwer lafen zanter Wochen an Norwegen. Enn Februar haten eng Rei norwegesch Veräiner aus der 1. Liga d’Nationalekipp opgefuerdert, d’WM am Fall vun enger Qualifikatioun ze boykottéieren. Den norwegesche Futtballverband kläert d’Fro vun engem eventuelle WM-Boykott den 20. Juni an enger ausseruerdentlecher Versammlung.
“Human rights” och de Message vun der däitscher Ekipp
D’Spiller vun der däitscher Nationalekipp haten um Match géint Island bei der Nationalhymne all e schwaarzen T-Shirt un, all Kéiers mat engem grousse wäisse Buschtaf drop - de Message war och hei “Human rights”. “Mir wëllen der Gesellschaft kloer maachen, datt mir dat net ignoréieren, mir wëlle kloer maachen, wéi d’Konditiounen do sinn”, sot de Leon Goretzka. “Mir hunn eng grouss Reechwäit - an déi kënne mir wonnerbar notzen, fir en Zeeche fir d’Wäerter ze setzen, fir déi mir stinn. Dat war eendeiteg.”

De Katar steet international an der Kritik wéinst der Exploitatioun vu Gaaschtaarbechter. Recherchë vum brittesche “Guardian” no sinn an de leschten 10 Joer iwwer 6.500 Gaaschtaarbechter aus 5 asiatesche Länner gestuerwen. D’Regierung vum Katar erkläert dogéint, dass sech d’Situatioun vun den Aarbechter an de leschte Joren duerch Reformen däitlech verbessert hätt. Och Mënscherechtler schwätze vu Fortschrëtter, soen awer gläichzäiteg, dass d’Reformen net genuch ëmgesat ginn.