Kleng a Grouss ware mat derbäiE Méindeg war zu Maacher nees den traditionellen Ouschterlaf

Bern Thill
De Maacher Ouschterlaf, gehéiert zesumme mam Postlaf, der Route du Vin an dem Walfer Vollekslaf zu den Traditiounsleef bei eis am Land. 48 Editiounen, dat ass de Beweis derfir.
E Méindeg war zu Maacher nees den traditionellen Ouschterlaf
De Maacher Ouschterlaf, gehéiert zesumme mam Postlaf, der Route du Vin an dem Walfer Vollekslaf zu den Traditiounsleef bei eis am Land.

Zesumme mam Postlaf, ass den Ouschterlaf dann och am Ufank vun der Saison de Barometer dofir, wéi et mat der Popularitéit vum Lafsport ausgesäit. Den Trend weist no uewen.

De jonke Laanglafspezialist Niall Foley hätt nawell gäre sengem Veräin, dem Maacher CAEG, eng Victoire geschenkt, ma dofir war de Yonas Kinde nach eng kleng Nummer ze grouss. Praktesch vum Ufank u gouf et en Ecart vu ronn 10 Sekonnen tëschen dëse zwee Leefer, dee sech bis zum Schluss stabiliséiert huet.

D’Police, d’Douane an d’Arméi hunn och gutt Leefer. Um Ouschterlaf hu si hiert Championnat ausgedroen. D’lescht Joer hat d’Lena Kieffer am Arméistrikot d’Course vun den Damme gewonnen. Dëst Joer gouf si Zweet, hannert dem Katharina Welker vu Rehlingen.

Un deene verschiddene Kannerleef si Joer vir Joer ëmmer erëm vill Kanner aus dem Maacher Veräin am Asaz. Nieft de Kanner, déi an engem Veräi lizenzéiert sinn, sinn hei awer och Kanner am Asaz, déi keng Lizenz hunn an hei de Spaass an eventuell och d’Talent entdecken.

Back to Top
CIM LOGO