
Scho méi fréi waren am 19. Joerhonnert, ënnert anerem a Griicheland, Veranstaltungen organiséiert ginn, déi sech un de fréien Olympesche Summerspiller orientéiert haten. Réischt wéi de franséische Pädagog an Historiker Pierre de Coubertin 1894 zu Paräis engem Kongress vun Delegéierten aus 11 internationale Sportsfederatioune seng Iddi vun neien Olympesche Spiller presentéiert hat, war méi Beweegung an d’Spill komm.
Nom allgemengen Accord, dass een d’Spiller erëm wëllt opliewe loossen, gouf festgeluecht, wou dat de Fall sollt sinn. Den de Coubertin wollt d’olympesch Premiere eigentlech 1900 zu Paräis am Kader vun der Weltausstellung feieren. Den aneren Delegéierte war dat awer ze wäit ewech, si hu gefaart, dass d’Féiwer bis dohi scho rëm verflu wier. Um Enn gouf sech op Athen 1896 gëeenegt, fir Griicheland als Ursprong vun den Olympesche Spiller ze éieren. Uschléissend koum et zur Formatioun vum Internationalen Olympesche Comité IOC.
Änlech wéi haut, war et och schonn deemools alles anescht wéi einfach, fir e grousst Event ze finanzéieren. Nodeems Membere vum Organisatiounscomité schonn hire Récktrëtt proposéiert haten, huet de Krounprënz Konstantin sech der Saach ugeholl an duerch verschidde Moossname grouss Spenden a Gelder gesammelt. Mat der Ënnerstëtzung vun der kinneklecher Famill an engem räiche Geschäftsmann, deen den Neibau vum Panathinaiko-Stadion finanzéiert huet, konnten d’Finanzen assuréiert ginn. Nach haut steet dem Spender seng Statu virum Stadion.

Beim Stadion huet et sech ëm den Opbau vum anticke Stadion vun Athen gehandelt aus dem Joer 330 v. Chr., an deem déi antik “Panathenäesch Spiller” ausgedroe gi waren. Nieft der Liichtathletik waren hei och d’Competitiounen am Gewiichthiewen, Turnen a Rénge virgesinn. D’Konstruktioun hat d’Form vun engem Houfeisen, et war Plaz fir ronn 69.000 Spectateuren an d’Lafpist hat eng Längt vun 333,33 Meter.
D’Iddi vun neien Olympesche Spiller (offiziell “Spiller vun der I. Olympiad” genannt) war grondsätzlech gutt vun der Populatioun ugeholl ginn. All Owend ware Fakelzich, Museksgruppen hunn d’Nationalhymne vun de verschiddene Länner gespillt a Studenten hunn déi verschidden Athleten an hire Logementer besicht fir se z’ënnerstëtzen. Well awer de ganze Programm vun de Spiller an Invitatiounen op Eventer op griichesch geschriwwe waren, koum et net seelen zu Mëssverständnisser. Et huet och net gehollef, datt a Griicheland nach de Julianesche Kalenner gegollt huet, sou datt Athleten an Offizieller hir léif Méi haten, de richtegen Datum fir hir Competitiounen erauszefannen.
Un de Spiller hu just Amateuren dierfen deelhuelen. Well awer all Land d’Reegelen dofir anescht ausgeluecht huet, haten de Krounprënz an en ieweschten Arbitter e puermol mussen intervenéieren, fir en Eclat ze verhënneren. Déi meeschte gemellte Sportler waren aus Griicheland, virun der däitscher, der amerikanescher an der franséischer Delegatioun. D’Konzept vun Nationalekippen, sou wéi mir et haut kennen, gouf et deemools nach net an där Form. Et waren och nationalistesch Konflikter am Spill. Verschidden däitsch Medie wollten d’Spiller als onwierdeg duerstellen. D’Striewen no Héchstleeschtunge huet als onästheetesch, onsozial an als Gefor fir d’Gesondheet gegollt. Déi 21 däitsch Athleten, déi trotzdeem op Athen gereest waren, kruten e Verweis vun der Deutschen Turnerschaft.
Dem neien olympesche Motto “Méi wäit, méi héich, méi staark” waren 241 Athleten aus 14 Natioune gefollegt, déi sech an 43 verschiddene Competitioune moosse wollten. Fraen hunn net dierfen un de Spiller deelhuelen, hunn awer, anescht wéi bei den anticke Spiller, op der Tribün dierfen nokucken. Véier Joer méi spéit, bei de Spiller zu Paräis, waren dunn och Athletinnen zougelooss ginn. D’Disziplinne ware Fechten, Gewiichthiewen, Liichtathletik, Vëlossport, Réngen, Schéissen, Schwammen, Tennis an Turnen. Competitiounen am Futtball, Cricket, Rudderen a Seegele ware geplangt gewiescht, konnten awer wéinst dem schlechte Wieder oder wéinst net genuch Athleten net duerchgeféiert ginn.

No der offizieller Ouverture vun de Spiller duerch de Kinnek Georg I. hunn néng Museken an 150 Chouersänger déi nei olympesch Hymn virgedroen. Den ausverkaafte Stadion war begeeschtert an huet eng Zugab gefuerdert. Den olympesche Fakellaf an den olympeschen Eed sollte réischt spéider dozou kommen. D’Schlussfeier vun den Olympesche Spiller hat wéinst schlechtem Wieder ëm en Dag no hanne musse geréckelt ginn. Am Kader vun där Zeremonie haten d’Gewënner vum Kinnek hir Medailen a Sonnerpräisser iwwerreecht kritt.
Den alleréischte Gewënner bei den Olympesche Summerspiller vun der Neizäit war den US-Amerikaner James Connolly, deen den Dräisprong mat iwwert engem Meter Avance fir sech decidéiere konnt. Highlight vun de Spiller war de Marathonlaf. D’Freed war riseg, wéi de Griich Spyridon Louis als éischten an de Stadion gelaf war. Déi griichesch Prënze Constantin an George haten hien op senger leschter Ronn begleet. De Louis sollt duerno ni méi eng Course lafen an trotzdeem zum nationalen Held ginn. Als Belounung hat hien ënnert anerem e Stéck Akerland kritt.
Jéngste Sportler war den 10 Joer ale griicheschen Turner Dimitrios Loundras, deen eelste war den US-amerikanesche Schéisser Charles Waldstein mat 40 Joer. Jéngsten Olympiagewënner sollt de 16 Joer ale Griich Ioannis Malokinis am Schwamme ginn. All Gewënner krut als Belounung eng Sëlwermedail an en Olivenzweig (verschidde Quelle schwätzen och vu Lorber). Op der enger Säit vun der Medail war e Bild vun der Akropolis, op där anerer Säit e Bild vum Zeus. Den Zweetplazéierte krut eng Medail aus Bronze iwwerreecht, den Drëtte krut näischt, well d’Finanze vun der Organisatioun net méi hierginn hunn. Déi haut üblech Goldmedail fir de Gewënner sollt eréischt 1904 agefouert ginn. Erfollegräichst Natioun um Enn vun den éischte Summerspiller waren d’USA mat 11 Sëlwer- a 7 Bronzemedailen. Erfollegräichsten Athlet war den Däitschen Carl Schuhmann mat 4 Sëlwermedailen.

An der Euphorie iwwert de Succès vun de Spiller hat de Kinnek George deklaréiert, dass an Zukunft all Olympesch Spiller zu Athen sollen organiséiert ginn. Vill Bedeelegter haten déi Iddi och ënnerstëtzt. De Pierre de Coubertin hat awer ferm protestéiert an op d’Decisioun verwisen, déi den IOC schonn 1894 getraff hat. D’Rotatioun gëllt als allgemenge Pilier vun der moderner olympescher Beweegung an dowéinst ass et och dobäi bliwwen, no Paräis 1900 all 4 Joer an d’Welt erauszegoen. No St. Louis 1904 sollt et awer nach eng Kéier op Athen goen. Déi sougenannt “Tësche-Spiller” vun 1906 zielen bis haut net zur offizieller Oplëschtung vum IOC. Dës waren ausgedroe ginn, nodeems et zu Onstëmmegkeete komm war iwwert den Rhythmus an d’Plaz vun der Organisatioun. Vun 1908 (London) un sollt et dunn am Véierjoresrhythmus weidergoen. Offizielle Retour op Athen fir d’Spiller war 2004.