Wärend iwwer 20 Joer war de Lynn Spielmann, President vum Organisatiounscomité vum Youth Cup. Elo huet säi Jong déi Tâche iwwerholl.
Ronn 350 Benevoller hunn de Weekend matgehollef. Et gouf sech zanter August 2025, wéi all Joer, an engem arodéierten Organisatiounscomité op den Turnéier virbereet. Munch ganz renomméiert europäesch Ekippen dobäi wéi d‘Rhein Neckar Löwen oder Stuttgart aus Däitschland oder déi franséisch Ekipp US Créteil Handball. Dem Coach Jeff Rech, fréien Nationalspiller säin HBD, gouf dëst Joer verstäerkt vun Elementer vu Bierchem, Schëffleng a Käerjeng. Déi Diddelenger hunn an enger Grupp mat Merzig Hilbringen aus Däitschland gespillt, HUBO Handball aus der Belsch an eben der US Créteil Handball aus Frankräich. An der Partie géint Merzig Hilbringen gouf et e 15:15-Gläich. Déi Diddelenger haten net gutt ugefaang a ware laang an der Partie hannen. Et hat no enger Defaite ausgesi mee déi 2. Hallschent ass et vill besser gelaf. De Gol zum Remis konnt op 7 Meter markéiert ginn an do konnt gefeiert ginn. Et spiert ee bei esou Matcher d’Wichtegkeet vum Youth Cup fir déi Jonk vum HBD.
Eng wichteg Roll spillen natierlech iwwert de ganze Weekend och d’Arbitter. E puer Koppele kommen aus dem Ausland. An enger internationaler Koppel ass och e Lëtzebuerger deen ëmmer gäre beim Youth Cup päift.
Schlussgewënner gouf beim Youth Cup den HSG Nordwest aus der Schwäiz. Den HB Diddeleng koum schlussendlech op déi 6. Plaz.