Fir d’Dammen Nationalequipe konnt den Tournoi eigentlech net besser lafen. Fir d’ Juniore stoungen nach vill um Spill, vun de véier Turnerinne war bis elo nëmmen d’ Valentina Marochi scho fir d’ Europameeschterschafte qualifizéiert. Elo no dem Luxembourg Open huet Lëtzebuerg eng ganz Ekipp, déi a Kroatien goe wäert.
Fir d’Janice Petry war geplangt, dass d’ Turnerin nëmmen de Barre géif turnen. Kuerzfristeg gouf awer decidéiert, et nach um Sprong untrieden ze loossen.
D’Valentina Marocchi weess scho méi laang, dass et op d’ EM geet. Bis elo ass déi jonk Turnerin dacks eleng op méi grouss Kompetitioune gaangen, dofir ass déi jonk Athletin deementspriechend frou net eleng a Kroatien ze goen.
D’Senior Damme goufe vum Celeste Mordenti representéiert. D’ Athleetin aus dem Elittekader huet sech viru puer Méint um Fouss verletzt a konnt doduerch an nëmmen um Barren turnen. Hei huet dunn awer alles geklappt. An et war wichteg, fir Experienz fir d’ Europameeschterschaften ze sammelen.
D’Celeste Mordenti konnt sech mat deem Resultat dann och fir d’ Finall qualifizéieren, wou hatt sech eng zweet Plaz geséchert huet. Et war eng positiv Kompetitioun fir d’ Dammen. All Medail huet awer zwou Säiten an esou gutt et bei den Damme gelaf war, war et keng gutt Kompetitioun fir d’ Hären. Et huet domadder ugefaangen, dass den Hugo Gaspar, den eenzege Junior aus der Nationalekipp, sech wärend dem Training verletzt huet.
Wéi schonn ugedeit, war dës eng Preparatiounskompetitioun fir d’ Hären. Och wann et vill Chutten a Feeler gouf, konnte si eppes Positives mathuelen.
Eenzeg Hoffnung bei den Häre war dem Joy Palermo seng gutt Leeschtung um Sprong, mat där et hie bis op déi fënnef Plaz an der Finall gepackt huet. Fir d’ Hären heescht et elo aus de viller Léieren an intensiv un de verschiddenen Elementer schaffen, fir fir d’ Europameeschterschaften am August prett ze sinn.
