
Souwuel Saarlouis wéi och Herner hunn den decisiven drëtte Match vun der “best-of-three” Serie an der Véierelsfinall gespillt.
D’Magaly Meynadier an d’Saarlouis Royals verléieren doheem iwwerraschend mat 63:68 géint Marburg a sinn eliminéiert. Saarlouis war als Tabellenzweeten no der regulärer Saison mat groussen Ambitiounen an d’Playoffs gestart. D’Kapitänin Meynadier stoung 13 Minutten um Terrain, huet allerdéngs kee Punkt geworf.
Eng weider Nationalspillerin war an der Véierelsfinall am Asaz. D’Sofie Fuglsang konnt mam Herner TC iwwerraschend en drëtte Match géint d’Top-Ekipp Keltern erkämpfen. An dëser entscheedender Partie huet sech de Favorit um Méindeg mat 67:60 duerchgesat an domat ass d’Saison fir Herner eriwwer. D’Lëtzebuergerin stoung 10 Minutten um Terrain, konnt awer keng Punkte markéieren.