BGL LigueDéifferdeng klappt Rouspert, Diddeleng wënnt zu Péiteng

RTL Lëtzebuerg
Schëffleng gewënnt den Duell tëscht den Opsteiger mat 2:1 géint Miersch. Leader an der Tabell bleift weiderhin den FC Déifferdeng.

Um Sonndeg de Mëtteg stoung am nationale Futtball bei den Hären de kompletten 13. Spilldag um Programm. Ënnert anerem konnten Hesper, Nidderkuer an Diddeleng 3 Punkte feieren. Wolz a Käerjeng sou wéi d’Fola a Monnerech deele sech d’Punkten.

Déifferdeng geet wuel als Gewënner vum Terrain, huet sech awer zu Rouspert immens schwéier gedoen. An der 1. Hallschent hu béid Formatiounen am Spillopbau net präzis genuch agéiert, an ausser e puer Schëss aus der 2 Rei kruten déi 355 Spectateuren offensiv net vill gebueden. An deenen zweete 45 Minutten ass et änlech viru gaangen wéi déi 1. Hallschent op en Enn gaangen ass. Eng 25 Minutte viru Schluss ass den Tabelleleader besser an de Match komm an huet kuerz dorop mam Lamas no engem Konter den 1:0 geschoss. Dat sollt dann och d’Schlussresultat sinn.

Knapp war et och zu Péiteng. Den F91 ass duerch den Hadji wuel an der 37. Minutt a Féierung gaangen, hat awer kuerz virun der Paus Chance, dass de Fuss per Kapp de Ball just un d’Lat gekäppt huet. Diddeleng sollt d’Féierung iwwer d’Zäit bréngen a bleift den Déifferdenger am Titelkampf domadder weider op de Feeschten.

Am Duell vun den Opsteiger gewënnt Schëffleng mat 2:1 géint Miersch.

Hei e puer Impressioune vum Match.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
FC Schëffleng - Marisca Miersch 2:1
0:1 Rodrigues (63'), 1:1 Garos (79'), 2:1 Hennetier (78')

Progrès Nidderkuer - US Munneref 3:0
1:0 Mixtur (60'), 2:0 Mixtur (21'), 3:0 Aucoin (Selbstgol, 65')

Racing Union - Una Stroossen 2:1
1:0 Ahmetxhekaj (30'), 2:0 Buch (56'), 2:1 Zenadji (65')

Swift Hesper - Jeunesse Esch 2:0
1:0 Stolz (31'), 2:0 Ferrara (43')

Union Titus Péiteng - F91 Diddeleng 0:1
0:1 Hadji (37')

Victoria Rouspert - FC Déifferdeng 0:1
0:1 Lamas (73')

FC Wolz 71 - UN Käerjeng 1:1
1:0 Gorny (16'), 1:1 Garnier (89')

Fola Esch - FC Monnerech 2:2
0:1 Baldé (4'), 1:1 Ekeberg (5'), 1:2 Delgado (29'), 2:2 Tshitoku (45+2')

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO