Am Alter vun 29 JoerDem André Schürrle seng Karriär geet op en Enn

RTL Lëtzebuerg
Dat huet den 2014-Weltmeeschter géigeniwwer der Zeitung "Spiegel" an enger Interview confirméiert.

De Spiller, deen zu Ludwigshafen gebuer ass, huet ënnert anerem fir Veräiner wéi Bayer Leverkusen, Chelsea oder Dortmund gespillt.

Zanter 2019 war hie beim Spartak Moskau aktiv, e Mëttwoch hat hie säi Kontrakt mat Borussia Dortmund opgeléist.

Fir déi däitsch Nationalekipp huet hie 57 Matcher gespillt an 22 Goler geschoss.

Back to Top
CIM LOGO