FLFDemande gemaach, fir géint Schottland Spectateuren am Stadion ze hunn

RTL Lëtzebuerg
All Spectateur misst ee Schnelltest op de Covid-19 maachen an d'FLF géif och d'Käschten heivun iwwerhuelen.
© pressphoto.rtl.lu

D’Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet matgedeelt, datt een eng Demande beim Sportminister Dan Kersch gemaach huet, fir de Frëndschaftslännermatch tëscht Lëtzebuerg a Schottland de 6. Juni am Stade Josy Barthel mat Spectateuren ze spillen.

Et sollen eng 2.000 Leit kënne maximal dobäi sinn, also 25 Prozent vun der Kapazitéit vum Stadion op der Areler Strooss.

PDF: De Communiqué vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO