
D’FLA-Athleten an Athletinnen hunn zu Serravalle a San Marino bei de Championships of the Small States of Europe ganzer 10 Medaile gewonnen. Nieft 2 Mol Sëlwer a 4 Mol Bronz sinn och 4 Goldmedaile gewonne ginn.
D’Patrizia Van der Weken huet direkt 2 Mol Gold konnte feieren. D’Lëtzebuergerin war iwwer 100 an 200m déi Séierst.
Am Speer huet Noémie Pleimling Gold gewonnen. An dann huet am Bommstoussen d’Stéphanie Krumlovsky mat engem neien nationale Rekord mat 14.87 Meter d’Goldmedail konnte wannen.
Et waren zu San Marino am ganze 15 Natioune vertrueden.