VolleyballDikrech klappt d'Gym a steet an der Finall

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg si bei der 3. an decisiver Halleffinall déi 2. Finalistinne gesicht ginn. De Chev Dikrech konnt souverän 3:0 géint d'Gym wannen.
Dikrech klappt d'Gym a steet an der Finall
E Samschdeg si bei der 3. an decisiver Halleffinall déi 2. Finalistinne gesicht ginn. De Chev Dikrech konnt souverän 3:0 géint d’Gym wannen.

Dammen-Volleyball

CHEV Dikrech – Gym Bouneweg 3:0

Um viregte Weekend bei den 2. Halleffinallen huet d’Ekipp aus der Iesels-Stad zu Bouneweg mat enger 1:3-Defaite de Kierzere gezunn. Dofir stoungen der Coach Svetalana Stoyanova hir Dammen e Samschdeg am fréien Owend doheem géint d’Gym liicht ënner Drock.

D’Gym wollt iwwerdeems op en Neits fir eng Iwwerraschung suergen a war bis an d’Fangerspëtzte motivéiert. D’Heemekipp huet awer direkt am 1. Saz mat 100 ugefaangen an dësen däitlech mat 25:15 fir sech entscheet. Am 2. Saz war et mat 25:20 vläicht manner däitlech, ma am 3. Saz huet de Chev awer nach eemol opgedréint an de Sak mat 25:17 zougemaach.

LINK: D’Resultater an d’Tabell am IwwerbléckOch am Playdown gouf gespillt:

Stengefort – Stroossen 3:0

LINK: D’Resultater vum Playdown am Iwwerbléck

Hären-Volleyball

Am Playdown am Hären-Volleyball waren et dës Partien:

Esch – VC Belair 3:0
Luerenzweiler – Walfer 3:0

LINK: D’Resultater vum Playdown am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO