French OpenDominic Thiem verléiert an der 1. Ronn géint de Pablo Andujar

RTL Lëtzebuerg
Domat ass ee vun de gréisste Konkurrente vum Rafael Nadal schonn am 1. Tour eliminéiert ginn.
© AFP

Den Éisträicher, aktuell d’Nummer 4 an der Tennis Weltranglëscht, muss sech um Sonndeg dem Spuenier Pablo Andujar mat 6:4, 7:5, 3:6, 4:6 a 4:6 geschloe ginn.

Bei den Damme verléiert déi fréier Nummer 1 Angelique Kerber géint d’Nummer 139 vun der Welt Anhelina Kalinina mat 2:6 a 4:6.

D’French Open sinn deen zweete Grand-Slam-Turnéier vum Joer a ginn déi nächst 2 Wochen zu Paräis gespillt.

Back to Top
CIM LOGO