
Bei den Häre war et um Samschdeg schonn déi virgezunne Finall tëscht der Schéiss an der Spora. Um Enn konnt sech d'Schéiss duerch eng dach kloer 7:1-Victoire den Ticket fir d'Finall sécheren. An der zweeter Halleffinall war et tëscht Esch an dem Houwald ganz enk. Um Enn gouf et ee 4:4, ma Esch war am Vergläich besser a steet domadder um Sonndeg an der Finall.
Bei den Dammen hunn et d'Spora a Jonglënster an d'Finall gepackt. D'Spora huet sech e Samschdeg ganz souverän mat 4:0 géint den TC Nordstad behaapt. An der zweeter Halleffinall war et däitlech méi spannend. Hei gouf et um Enn eng 5:3-Victoire fir Jonglënster géint Gréiwemaacher.