A sief et nëmmen e Frëndschaftsmatch, wéi e Mëttwoch den Owend, wou d‘Azzuri op eis rout Léiwen treffen. Den Interessi ass grouss. Ma et ass net déi éischt Renconter tëscht deenen zwou Natiounen. Dobäi kënnt, dass am Laf vun der Zäit och Lëtzebuerger Veräiner d‘Chance haten, géint grouss italieenesch Ekippen um Terrain ze stoen.
Am rezentste bleift engem sécherlech den Exploit vum F91 Diddeleng am Kapp. De Champion vun 2018 huet et an d‘Gruppephase vun der Europaligue gepackt an ass do ënnert anerem op den AC Mailand getraff. Heiheem hu se nëmme knapp verluer mat 0:1. Ma sou hunn d‘Mailänner virun eegener Kuliss gewisen, dass si dach an enger anerer Liga spillen. Ma trotzdeem konnten déi Diddelenger zweemol treffen. 5-2 ass de Match an Italien ausgaangen.
D‘Ekipp aus dem Minett huet et um Enn vun der Campagne als éischte Lëtzebuerger Club fäerdeg bruecht, ee Punkt an der Europaligue ze kréien.
Sprange mir eriwwer bei d‘Nationalekipp. Och do stounge sech scho méi dacks d‘Lëtzebuerger an d‘Italieener géintiwwer. Besonnesch erausgestach ass do d‘Resultat vun engem Frëndschaftsmatch 2014 zu Perugia. Den deemolege Vize-Europameeschter huet sech um Enn mat engem Gläichstand vun 1-1 missen zefriddeginn.
20 Mol stounge sech béid Natioune bis dato géint iwwer. Sief et als Frëndschaftsmatch, WM oder EM-Qualifikatioun.
1992 ass aus dem Europapokal d‘UEFA Champions League ginn an domadder sinn d‘Chancë verschwonnen, dass een als Champion vu Lëtzebuerg am éischten Tour op e groussen internationale Géigner gefall ass. Nëmme siwe Joer virdrun hat awer nach de Rekordmeeschter Jeunesse Esch, d‘Méiglechkeet op Juventus Turin ze treffen.
41 Joer ass et hir, dass den deemolegen italieenesche Champion Juventus Turin an der éischter Ronn vum Europapokal 1985 op den éischten an der Tabell vu Lëtzebuerg gefall ass. D‘Jeunesse Esch. Juventus Turin, Bayern München a Liverpool, fir der nëmmen e puer ze nennen. Op der Grenz, wéi een ëmgangssproochlech gäre seet, ass een deemools dacks op déi ganz Grouss getraff. Ma de Match géint d‘Italieener war schonn eppes Besonnesches.
A mat dobäi och de Jhemp Barboni, den Denis Scuto an den André Zwally. Si allen dräi hu vu kleng un op der Jeunesse gespillt. De Lien mam italieenesche Fussball war ëmmer scho grouss. Schliisslech hunn zu deem Zäitpunkt vill italieenesch Famillen am Quartier Hiel a Brill ronderëm den Terrain vun der Jeunesse gewunnt. Den Undrang fir de Match géint Juventus Turin esou grouss, dass een dofir an d‘Stad op de Stade Josy Barthel gaangen ass.
Eng ronn 9000 Spectateure waren deemools mat dobäi. De Réckmatch zu Turin ass hinnen am Kapp bliwwen. A leider net wéinst dem Resultat, mee wéinst der Kuliss. Duerch e Virfall an der Belsch e puer Méint virdrun, wou bei enger Massepanik 39 Leit ëm d‘Liewe koumen, wéinst Hooligans, duerften Englesch Clibb zwee Joer net méi spillen, a Juventus gouf gestrooft mat zwee Matcher ouni Spectateuren. 5-0 a 4-1 dat ass d‘Endresultat vun dëser eenzegaarteger Renconter gewiergt. E Verloscht op sportlechem Niveau, ma dofir awer e Gewënn fir eng joerzéngtelaang Veräinsgeschicht.