Statistik virum FrëndschaftsmatchLëtzebuerg huet nach ni géint Italien gewonnen

Tom Nols
D'Statistik, déi d'Rout Léiwe géint d'Squadra Azzurra opweises hunn, schwätzt eng kloer Sprooch. An 9 Dueller waren et, bis op ee Gläichspill, nëmmen Defaiten. E Réckbléck.
D'Squadra Azzura kënnt den 3. Juni op Lëtzebuerg
D'Squadra Azzura kënnt den 3. Juni op Lëtzebuerg
© FABIAN STRAUCH/dpa Picture-Alliance via AFP

8 Matcher huet Italien géint Lëtzebuerg gewonnen. Just eemol war um Enn e Gläichspill erauskomm.

Fir d'lescht waren d'Rout Léiwe virun 12 Joer an Italien op d'"Squadra Azzurra" getraff. An deem Testmatch virun der WM 2014 a Brasilien ass et zu Perugia en 1:1 gewiescht, wéi de Maxime Chanot an der 85. Minutt déi fréi italieenesch Féierung duerch de Claudio Marchisio nach sensationell huet kënnen ausgläichen.

Lescht Duell géint Italien: 2014 feieren d'Rout Léiwen en 1:1-Remis zu Perugia.
De Lëtzebuerger Gol hat den Maxime Chanot geschoss. / Reportage: Christophe Hochard, Archiv-Biller: RAI

An der WM-Qualifikatioun war et am Dezember 1981, zu Neapel, eng 0:1-Defaite duerch dem Collovati säi Gol. Och am Oktober 1980 war et hei zu Lëtzebuerg an där WM-Quali eng 0:2-Néierlag. Op der Areler Strooss hate Collovati a Bettega markéiert.

Och fir d'WM 78 ware Lëtzebuerg an Italien an der Qualifikatioun openee getraff. 0:3 zu Roum verluer no Goler vu Bettega, Graziani a Causio, heiheem war et eng 1:4-Defaite fir d'Rout Léiwen. Nodeems Graziani, Antognoni an zweemol Bettega fir d'Squadra op 4:0 gestallt haten, war dem Nico Braun kuerz viru Schluss den Éierentreffer vergonnt gewiescht.

D'Qualifikatiounsmatcher géint Lëtzebuerg fir d'WM 74 waren eng weider kloer Affär fir d'Azzurri, wéi se doheem 5:0 an hei zu Lëtzebuerg 4:0 gewonnen haten. Zu Genua waren, nieft engem Treffer vum Rivera, dem Riva direkt 4 Goler gelongen. An der Partie zu Lëtzebuerg hat e schonn zweemol markéiert, déi aner Goler ware fir Chinaglia a Capello.

Am Kader vum 80. Gebuertsdag vun der FLF: Lëtzebuerg verléiert 0:3 géint Italien
1988 huet d'FLF-Selektioun e Frëndschaftsmatch géint d'Squadra Azzurra gespillt. / Reportage: Pilo Fonck

1988 war et den 80. Anniversaire vun der FLF a Lëtzebuerg hat Enn Abrëll an engem Frëndschaftsmatch am Stade Josy Barthel kloer mat 0:3 de Kierzere gezunn. Ferri, Bergomi an De Agostini hate fir Italien getraff.

Fir den alleréischte Futtball-Duell tëscht Italien a Lëtzebuerg musse mir wäit zréckgoen. Op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis ware béid Ekippen an der Aachtelsfinall openee getraff. Italien hat d'Partie 2:0 gewonnen, duerno an der Véierelsfinall géint d'Schwäiz awer verluer.

Wéi geet et 2026 aus?

E Mëttwoch den Owend ass et um 20:45 Auer déi 10. Kéier, datt Italien a Lëtzebuerg an engem Futtballlännermatch géintenee spille wäerten. Hei op RTL wäerte mir déi ausverkaafte Partie live op der RTL Tëlee Lëtzebuerg an RTL Play iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO