
New England Patriots - Los Angeles Chargers 45:0
E richtege Shootout hunn d’Los Angeles Chargers géint d’New England Patriots doheem missten iwwert sech ergoe loossen. Si selwer hunn net ee Punkt fäerdegbruecht, d’Patriots dogéint 28 an der éischter Hallschent a 17 an der zweeter. De Cam Newton huet 12 vun 19 Passen un de Mann bruecht, fir 69 Yards an 1 Touchdown, säi Backup Stidham 2 vun 3 Passen fir 69 Yards an 1 Touchdown. Den LA-Quarterback Herbert huet mol net d’Hallschent vu senge Passen (26 vun 53) ubruecht a gouf zwee Mol ofgefaangen.
New York Giants - Seattle Seahawks 17:12
Zwou ganz verschidde Hallschenten hunn d’Giants bei de Seahawks gewisen. An der Paus ware si 7:0 hannen, hunn nom Säitewiessel direkt 14 Punkten an engem Quarter gemaach an waren esou 14:5 am Avantage. Si konnten et souguer nach op 17:5 ausbauen an d’Seahawks konnten an de leschte Minutten nach just een Touchdown hikréien. Esou verléiere si iwwerraschend doheem géint d’Giants.
Cleveland Browns - Tennessee Titans 41:35
Ee vun de Spëtzematcher vun dësem Spilldag war e richtegt Punktefestival. An der éischter Hallschent hunn d’Browns richteg dominéiert. 10 Punkten am éischte Quarter a souguer 28 am zweeten, dogéint hu si der just 7 zougelooss. Nom wiessel waren d’Titans awer däitlech besser, ma och hir 28 Punkten an deenen zwee Quarter sinn hinnen net duergaangen, fir de Match nach ze dréinen.
Los Angeles Rams - Arizona Cardinals 38:28
Et war en hin an hier am Match tëscht de Rams an de Cardinals, deen d’Rams eréischt am leschte Quarter fir sech entscheede konnten. D’Cardinals waren am éischte Quarter mat 7:0 a Féierung gaangen, hunn awer am Rescht vun der Hallschent keng Punkte méi fäerdeg bruecht. Esou waren d’Rams 14:7 am Avantage an der Paus. Si konnten nach op 17:7 ausbauen, ma séier haten d’Cardinals op 17:14 verkierzt. Esou huet d’Entscheedung missten am leschte Véierel falen. do konnten d0Cardinals nach eng Kéier 14 Punkte markéieren, et sollt awer net duergoen, well d’Rams selwer 3 Touchdowns, dovunner ee vun der Defense, hikritt hunn.
Pittsburgh Steelers - Washington Football Team 17:23
D’Steelers waren dat leschten Team ouni Néierlag an der NFL. Mat hirer Néierlag géint d’Washington Football Team (17:23) hu si hir fréizäiteg Qualifikatioun fir d’Play-offs verspillt. Dem Quarterback Ben Roethlisberger säin Team deelt sech elo zesumme mam Titelverdeedeger Kansas City Chiefs d’Spëtzepositioun an der American Conference. Washington huet dogéint hir 3. Victoire gefeiert, nodeem si 0:14 Réckstand op d’Steelers haten. Gewonnen hunn e Méindeg den Owend donieft d’Buffalo Bills (9-3) bei den San Francisco 49ers (5-7) mat 34:24.
Aktuell sinn d’Steelers an d’Chiefs an der AFC mat 11-1 op der éischter Plaz, ma d’Chiefs hu sech sécher fir d’Playoffs qualifizéiert. Hannert hinne kommen d’Bills (9-3), d’Titans (8-4). Nach qualifizéiert, ma net als éischt an hirer Grupp, wieren d’Browns (9-3), d’Dolphins (8-4) an d’Colts (8-4). Och d’Raiders (7-5), d’Ravens (6-5) a Patriots (6-6) hunn nach gutt Chancen.
An der NFC stinn d’Saints sécher an de Playoffs. Aner Gruppenéischte wieren d’Packers (9-3), d’Rams (8-4) an d’Giants (5-7). D’Seahawks (8-4), d’Buccaneers (7-5) an d’Vikings (6-6) sti mat engem Been an de Playoffs. Sech nach Hoffnung maache kënne sech och d’Cardinals (6-6). Ma och Washington (5-7) respektiv d’Eagles (3-8-1) oder d’Cowboys (3-8) sinn nach net ofgeschloen, well si trotz negativem Rekord just knapp hannert den Giants stinn.
New Orleans Saints - Atlanta Falcons 21:16
Detroit Lions- Chicago Bears 34:30
Indianapolis Colts -Houston Texans 26:20
Cincinnati Bengals - Miami Dolphins 7:19
Jacksonville Jaguars - Minnesota Vikings 24:27
Denver Broncos - Kansas City Chiefs 16:22
Las Vegas Raiders - New York Jets 31:28
Cleveland Browns - Tennessee Titans 41:35
Los Angeles Rams - Arizona Cardinals 38:28
New York Giants - Seattle Seahawks 17:12
Philadelphia Eagles - Green Bay Packers 16:30
New England Patriots - Los Angeles Chargers 45:0
Washington Football Team - Pittsburgh Steelers 23:17
Buffalo Bills - San Francisco 49ers 34:24