
Engand - Italien 3:1
0:1 Scamacca (15'), 1:1 Kane (32'), 2:1 Rashford (57'), 3:1 Kane (77')
England ass no enger 3:1 Victoire géint Italien sécher fir d’Gruppephas vun der Europameeschterschaft qualifizéiert.
An der 15. Minutt hat de Scamacca d’Gäscht nach a Féierung bruecht. Ma den Harry Kane konnt an der 32. Minutt en Eelefmeter verwandelen, deen de Bellingham erausgeholl hat. An der 57. Minutt konn de Rashford dunn d’Haushären a Féierung bréngen, éier de Kane mat sengem zweete Gol an der 77. Minutt fir den Endstand vun 3:1 gesuergt huet.
Malta - Ukrain 1:3
1:0 Mbong (12'), 1:1 Camanzuli (Selbstgol) (38'), 1:2 Dowbyk (43'), 1:3 Mudryk (85')
Am zweete Match am Grupp C setzt d’Ukrain sech a Malta duerch. Nodeems d’Haushären an der 12. Minutt duerch den Mbong a Féierung ginn, ass et de Camanzuli, deen an der 38 Minutt mat engem Selbstgol fir den Ausgläich suergt. Den Dowbyk bréngt d’Ukrainer an der 43. Minutt a Féierung an an der 85.Minutt suergt de Mudryk mam 3:1 fir d’Decisioun.
Wéinst der ukrainescher Victoire muss Italien dann och nach ëm seng Plaz bei der Em fäerten. D’Ukrain huet zwar e Match méi ewéi d’Italiener, huet mat 13 awer och 3 Punkte méi um Kont wéi d’Azzuri.
Litauen - Ungarn 2:2
1:0 Cernych (20'), 2:0 Sirvys (36'), 1:2 Szoboszlai (67'), 2:2 Varga (82')
Am Grupp H huet Ungarn auswäerts géint Litaue gespillt. Nodeems d’Haushären duerch Goler vum Cernych an der 20. a vum Sirvys an der 36. Minutt a Féierung gaange sinn, konnten d’Gäscht duerch de Szoboszlai an der 67. an de Varga an der 82. Minutt ausgläichen.
Serbien - Montenegro 3:1
Mitrovic 1:0 (9'), 1:1 Jovetic (36'), 2:1 Mitrovic (73'), 3:1 Tadic (77')
Am anere Match am Grupp G wënnt Serbien doheem géint Montenegro. Nom 1:0 an der 9. Minutt duerch de Mitrovic kënnen d’Montenegriner zwar nach duerch e Gol vum Jovetiv an der 36. Minutt reagéieren, ma de Mitrovic an den Tadic suerge mat hire Goler an der 73. respektiv 77. Minutt fir d’Decisioun.
Finnland - Kasachstan 1:2
1:0 Taylor (28'), 1:1 Sainutdinow (77'), 1:2 Sainutdinow (89')
Am éischte Match vum Owend stounge sech Finnland a Kasachstan géigeniwwer.
D’Haushäre konnten an der 28. Minutt duerch e Gol vum Robert Taylor a Féierung goen. Bis zum Schluss vun der zweeter Hallschent, ass net vill passéiert, ma d’Schlussphas vum Match sollt et a sech hunn. An der 75. Minutt kruten d’Kasachen dunn, no enger Iwwerpréiwung duerch de VAR, en Eelefmeter fir sech gepaff, deen de Sainutdinow an der 77. Minutt verwandelt huet. Ma domat net genuch. An der 89. Minutt markéiert de Sainutdinow dann och nach den 2:1 fir Kasachstan.
San Marino - Dänemark 1:2
0:1 Holjund (42'), 1:1 Golinucci (61'), 1:2 Poulsen (70')
Am zweete Match vum Grupp H ass Dänemark an der 42. Minutt duerch e Gol vum Holjund a San Marino a Féierung gaangen. Ma an der 61. Minutt konnten d’Haushären duerch de Golinucci ausgläichen. Et war schliisslech de Poulsen, deen Dänemark mat sengem Gol an der 70. Minutt virun enger Blamage gerett huet.
Norirland - Slowenien 0:1
0:1 Cerin (5')
An der leschter Partie vum Dag ass et den Cerin, dee mat sengem Gol an der 5. Minutt fir eng sloweenesch Victoire an Nordirland suergt.