Zejoert waren d’Victoiren zu Zéisseng a Garnech un SD Works Protime a Visma Lease a Bike gaangen. Zwou Ekippen, déi een och dëst Joer ob en Neits mat virbäi erwaarde kann.
Fënnef Lëtzebuergerinnen si fir de Weekend ageschriwwen. Dorënner och d’Nina Berton. E Mëttwoch hu mir d’Fuererin vun EF Education-Oatly op enger vun hire leschten Trainingsseancë virum Festival begleet. Déi 24 Joer al Profisportlerin ass de Moment an enger richteg gudder Form. Si war déi 9. beim Omloop Nieuwsblad an déi 24. bei Paris Roubaix - déi perfekte Viraussetzungen, fir de Weekend eppes ze probéieren.
Dës Cours stoung bis viru kuerzem nach net um Programm vun der Nina Berton. Deemno wäert si de Weekend och net am Rosa Trikot vun EF ze gesi sinn, mee am Bordeaux-Roude vun der Nationalekipp.
Mat hir fir d’Nationalekipp wäerten d’Maïté Barthels an d’Lena Lallemang un den Depart goen. Och Gwen Nothum an d’Layla Barthels wäerte mat hiren Ekippen dobäi sinn. Net mat dobäi wäert d’Marie Schreiber sinn, déi nach net ganz fit ass. Béid Coursë kennt Dir wéi gewinnt de Weekend bei eis am Livestream kucken.