Dëschtennis-WM zu LondonLëtzebuerger Damme stinn an der K.O.-Phas, Häre verpasse se knapps

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Dënschdeg leeft zu London d'Ekippe-WM am Dëschtennis. Fir d'Lëtzebuerger Damme-Quartett geet et elo an d'K.O.-Phas vun deene beschten 32 Ekippen.
D'Sarah de Nutte am Asaz
© Archiv

D'Lëtzebuerger Dammenekipp steet an der K.O.-Phas vun der Dëschtennis-WM 2026 zu London. E Freideg huet d'FLTT-Formatioun de Match um Pabeier gewonnen, well de Géigner aus Barbados net ugetrueden ass. Domat zitt d'Ekipp Lëtzebuerg mat Sarah de Nutte, Ni Xia Lian, Enisa a Melisa Sadikovic als eng vun deene sechs beschten Zweetplacéierten an d'K.O.-Phas vun deene leschten 32 an. De Géigner gëtt e Sonndeg den Owend geloust an den nächste Match wäert dann e Méindeg oder en Dënschdeg gespillt ginn.

Fir d'Lëtzebuerger Härenekipp ass d'WM dogéint eriwwer. En Donneschdeg den Owend huet ee sech missen an enger enker Partie mat 1:3 géint Serbien geschloe ginn.

De Maël Van Dessel, deen an den zwou éischte Partië vun dëser WM jeeweils e gudde Start erwëscht hat, huet sech géint de Serb awer méi schwéier gedoen. E puer Sazbäll goufe leie gelooss, wouvun den Dimitrie Levajac profitéiert huet a seng Ekipp mat 1:0 a Féierung brénge konnt. Duerno konnt de Luka Mladenovic am zweeten Duell senger Favoritteroll gerecht ginn an den Duell fir sech entscheeden. No enger Defaite vum Gene Wantz am drëtte Match louch d'Hoffnung nees beim Luka Mladenovic, deen am véierten Duell dunn trotz enger kämpferescher Leeschtung no fënnef Sätz mat 2:3 de Kierzere gezunn huet.

Domat steet um Enn eng 1:3-Defaite géint Serbien, wouduerch de Sprong an d'K.O.-Phas net gegléckt ass.

Back to Top
CIM LOGO