FuttballFinall vun der Europa League um Mëttwoch den Owend

RTL Lëtzebuerg
An der Europa League gëtt den Owend d'Finall zu Baku am Aserbaidschan gespillt. Do sti sech zwee Londoner Clibb géintiwwer: Chelsea an Arsenal.

Ugepaff gëtt de Match um 21 Auer.

An der Premier League hu béid Veräiner hir Heemmatcher gewonne gehat. Fir d'Finall vun der Europa League ass et also ganz schwéier e Favorit ze bestëmmen. Den Drock läit awer op Säite vum Arsenal, där Meenung ass den RTL-Expert Paul Philipp. Arsenal ass an der Premier League just op Plaz 5 um Enn vun der Saison.

De Paul Philipp

Fir Champions League ze spillen nächst Saison, musse se also iwwert de Wee vun der Europa-League-Victoire fueren. Chelsea huet d'Saison op Plaz 3 ofgeschloss an ass scho fir d'Champions League qualifizéiert.

D'Gesamtbilanz tëscht béide Veräiner ass allerdéngs positiv fir Arsenal. An 169 Matcher hunn d'Gunners 65 mol gewonnen, 51 mol gläichgespillt an 53 mol verluer.

Egal wéi de Match ausgeet... zu London gëtt gefeiert. Et ass just d'Fro vun der Faarf déi dominéiert... rout oder blo.

Back to Top
CIM LOGO