
“Firwat huet de Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz an der extrem wichteger Partie géint den direkten Konkurrent ëm déi zweete Plaz an der Europameeschterschaftsqualifikatioun am Grupp J eréischt an der 88. Minutt eng éischte Kéier gewiesselt a firwat huet hien d’Thill-Bridder net erabruecht?” Déi Froen hu sech vill Supporter vun de Roude Léiwen e Méindeg den Owend no der 0:1-Defaite géint d’Slowakei gestallt.
Natierlech sinn dem Luc Holtz déi Gedanke wärend dem Match a virun allem nom Gol an der 77. Minutt duerch de Kapp gaangen.
“Wa mer méi offensiv Méiglechkeete gehat hätten, hätt ech gewiesselt. Mir si leider am offensive Beräich, Spréch, Stiermer si mer relativ limitéiert. Mir hunn den Yvandro Borges elo nach verluer, déi 3 an der Mëtt, wou de Seb an den Oli Thill a Fro kommen, et ass zentral an der Mëtt, fannen ech, datt de Mathias Olesen, de Leandro Barreiro an de Kiki Martins eng fantastesch Performance un den Terrain geluecht hunn an ech hunn net onbedéngt de Besoin gesinn, fir op deene Positiounen ze wiesselen. Voilà, dofir hunn ech de Seb an den Oli net erabruecht. Ech hätt éischter op de Säiten eppes gemaach oder vir dran, vläicht hannen ee Mann erausgeholl, mä wéi gesot, esou vill Méiglechkeeten hu mer net méi hannendrun.”
Portugal ass am Grupp vun de Lëtzebuerger jo scho fir d’EM d’nächst Joer an Däitschland qualifizéiert. D’Slowakei ass elo als Zweeten och esou gutt wéi duerch mat 16 Punkten, 5 virun der FLF-Formatioun. Fir iwwer dëse Wee bei der Europameeschterschaft dobäi ze sinn, gëtt fir d’Rout Léiwen extrem schwéier.
An der aktueller Europameeschterschaftscampagne misst déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp am November déi zwee Matcher heiheem géint Bosnien-Herzegowina an duerno auswäerts a Liechtenstein gewannen an d’Slowakei misst gläichzäiteg d’Partië bei sech doheem géint Island respektiv a Bosnien verléieren, fir datt d’Rout Léiwen an der Tabell am Grupp J awer nach virun d’Slowake kéimen. Den FLF-Nationalatrainer wëll awer elo net schonn d’Bengele bei d’Tromm geheien.
“Et bleiwe 6 Punkten ze huelen, mir probéieren, der 6 ze huelen, wa mer dat kënne maachen, dann hu mer 17 Punkten, sou hu mir déi beschte Quali gespillt, déi bis elo do war, wat d’Punkten ubelaangt. Natierlech gëtt et elo extrem schwéier, well se lo 5 Punkten Avance op eis hunn, mee pour le reste fuere mer weider an dann de Mäerz d’nächst Joer gëtt jo en nächst Evenement fir d’Ekipp a voilà, mir fuere virun.”
Iwwer d’Nations League schéngt fir d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp am Moment dee realisteschste Wee, fir nach en Ticket ze kréien, fir bei der Europameeschterschaft d’nächst Joer an Däitschland dobäi ze sinn. D’Rout Léiwe sinn an der Divisioun C an d’Halleffinallen nogerutscht, well d’Tierkei sech iwwert den normale Wee fir d’EM qualifizéiert huet. Den 21. Mäerz geet et an der Halleffinall auswäerts géint Georgien. Wann d’Ekipp vum Nationaltrainer Luc Holtz dee Match gewënnt, kënnt et 5 Deeg méi spéit zu der Finall tëscht dem Gewënner vun där anerer Halleffinall tëscht Griicheland an Kasachstan. Dee sech an där Finall duerchsetzt, ass da bei der EM bei eisen däitschen Noperen, déi de 14. Juni mam Ouverturesmatch zu München ufänkt, dobäi.