EM-QualifikatiounLëtzebuerg zitt no kämpferescher Leeschtung mat 0:1 géint Slowakei de Kierzeren

RTL Lëtzebuerg
Um aachte Spilldag vun der EM-Qualifikatioun ass et am Top-Match vum Grupp J tëscht Lëtzebuerg an der Slowakei ëm déi zweete Plaz an der Tabell gaangen.

An dësem Match huet sech Lëtzebuerg allerdéngs no engem couragéierten Optrëtt mat 0:1 misse geschloe ginn. Domadder hunn d’Slowaken elo eng 5-Punkten-Avance op d’Lëtzebuerger, déi op der drëtter Plaz am Grupp J stinn.

D'Stëmme vun de Lëtzebuerger nom Match
D’Rout Léiwen hunn eng gutt Leeschtung gewisen.

An deenen anere Matcher am Grupp vun de Lëtzebuerger kënnen déi soi-disant Favoritten hir Matcher kloer gewannen. Portugal schéisst Bosnien mat engem 5:0 of an Island gewënnt däitlech mat 4:0 géint Liechtenstein.

Am Grupp F konnte sech d’Éisträicher mat engem 1:0 am Aserbaidjan duerchsetzen a sech domadder den Ticket fir d’Europameeschterschaft an Däitschland sécheren. Deen anere Match am Grupp tëscht der Belsch a Schweden gouf an der Hallschent beim Stand vun 1:1 ofgebrach. Dëst wéinst enger Schéisserei zu Bréissel, bei där op d’mannst ee Schwed ëm d’Liewe komm ass.

Am Grupp B gewënnt Irland iwwerdeems mat 4:0 géint Gibraltar. Griicheland an Holland trenne sech 0:1.

Grupp J

Lëtzebuerg - Slowakei 0:1
0:1 Duris (77')

Lëtzebuerg verléiert géint d’Slowakei - Reportage vum Serge Olmo

Vun Ufank un hunn d’Rout Léiwen alles ginn an hu mat voller Vitess no vir gespillt. Esou konnten d’Lëtzebuerger schonn an der 9. Minutt eng éischt gutt Chance verbuchen: D’Slowaken hunn dem Gerson Rodrigues vill Plaz an der Mëtt gelooss, deen dunn eleng a Richtung Gol marschéiert ass. Säi Schoss aus gutt 20 Meter sollt de Goll awer ëm e Meter verfeelen. Mä d’Lëtzebuerger hunn net nogelooss. Esou huet de Jans an der 13. Minutt eng Flank vun der lénker Säit erabruecht, mat där de Lëtzebuerger den Olesen fonnt huet. Säi Kappball huet de Gol och nëmme knapps verfeelt. D’Slowaken hunn onsécher gewierkt a sinn an der Defense heiansdo ferm geschwommen. Esou och an der 19. Minutt, an där de Kiki Martins fir de Sinani opgeluecht huet. Dëse konnt den Dubravka am slowakesche Gol mat sengem Schoss gutt ënner Drock setzen, allerdéngs sollt och dës Kéier de Ball net am Filet vum slowakesche Golkipp aschloen. An der 21. Minutt waren du vill Lëtzebuerger vu Freed opgesprongen. Dëst nodeems den Arbitter no engem Feeler um Barreiro op Eelefmeter decidéiert hat. Mä de VAR sollt dës Entscheedung revidéieren, soudatt et ouni Eelefmeter viru gaangen ass. Bei de Lëtzebuerger ass alles iwwert de Gerson Rodrigues gelaf, mä och hie konnt de Ball souwuel an der 24. Minutt souwéi no engem Säitfallzieher an der 33. Minutt net am Gol ënnerbréngen. D’Rout Léiwen waren elo kloer déi besser Ekipp. Vun de Slowaken ass iwwerdeems wéineg komm. Just de Polievka konnt eng Kéier geféierlech virum Moris opdauchen, mä um Enn sollt säi Schoss de Gol awer kloer verfeelen. Lëtzebuerg huet weider monter no vir gespillt an hat an der 40. Minutt mam Chanot, deen no engem Gewurschtels zum Kappball komm ass, déi leschte gutt Chance an der éischter Hallschent. Mä och hie konnt de Ball net hannert déi wäiss Linn drécken. Domadder ass et mat engem 0:0 op den Téi gaangen. Dëst an engem Match, an deem d’Lëtzebuerger kloer dominéiert hunn.

Nom Téi hunn d’Lëtzebuerger do ugefaangen, wou si déi éischt Hallschent opgehalen hunn. Esou gouf weider mat vollem Zoch no vir gespillt. Mä och d’Slowaken waren nom Téi e bësse besser am Match, soudatt dës sech virun allem iwwer Standarden e puer Chancë kreéiere konnten. Esou huet an der 56. Minutt de Suslov mat sengem Fräistouss de Lëtzebuerger Gol nëmme knapps verfeelt. An der 58. Minutt hat et dunn allerdéngs bal op der anerer Säit gerabbelt. E Wäitschoss vum Gerson Rodrigues konnt awer op Käschte vun engem Corner gekläert ginn. Duerno ass de Match ofgeflaacht a béid Ekippen hu sech méi schwéier gedoen, fir geféierlech virun de Goler opzedauchen. Et huet ee gemierkt, datt d’Slowaken méi Zäit haten, wéi d’Rout Léiwen, wouduerch de Match méi hektesch ginn ass. An der 77. Minutt goufen d’Lëtzebuerger dunn e bëssen aus dem Näischt äiskal erwëscht. No enger laanger Flank vum Hancko op den zweete Potto, steet den agewiesselten Duris komplett fräi, deen de Ball du per Volley am Gol ënnerbrénge kann.

Den 1:0 fir d'Slowaken
Den Duris markéiert den 1:0.

An der 80. Minutt hat de Gerson Rodrigues bal fir déi passend Äntwert gesuergt, mä och dës Kéier konnt den Dubravka seng Ekipp virum Géigegol retten. Um Enn huet Lëtzebuerg alles no vir geworf, mä et sollt näischt méi esou richteg geléngen, soudatt d’Rout Léiwen sech trotz eng kämpferescher a gudder Leeschtung mat 0:1 géint d’Slowaken geschloe musse ginn a sech an der Tabell elo mat der drëtter Tabelleplaz zefridde musse ginn.

Déi bescht Zeenen aus dem Match vun de Lëtzebuerger
Trotz enger gudder Leeschtung muss ee sech géint d’Slowakei geschloe ginn.

Bosnien-Herzegowina - Portugal 0:5
0:1 Cristiano Ronaldo (Eelefmeter, 5'), 0:2 Cristiano Ronaldo (22'), 0:3 Bruno Fernandes (25'), 0:4 Joao Cancelo (32'), 0:5 Joao Felix (43')

Island - Liechtenstein 4:0
1:0 Sigurdsson (Eelefmeter, 22'), 2:0 Finnbogason (44'), 3:0 Sigurdsson (49'), 4:0 Haraldsson (63')

De Resumé vun den anere Matcher am Grupp J
Portugal an Island iwwerrennen hir Géigner.

Grupp B

Griicheland - Holland 0:1
0:1 Van Dijk (Eelefmeter, 90'+3)

Gibraltar - Irland 0:4
0:1 Ferguson (8'), 0:2 Johnston (28'), 0:3 Doherty (61'), 0:4 Robinson (80')

De Resumé vun de Matcher am Grupp B
Holland gewënnt a leschter Sekonn géint Griicheland. Irland huet keng Problemer géint Gibraltar.

Grupp F

Aserbaidjan - Éisträich 0:1
0:1 Sabitzer (Eelefmeter, 48')

Belsch - Schweden 1:1 - Ofgebrach
0:1 Gyökeres (15'), 1:1 Lukaku (Eelefmeter, 31')
De Match tëscht der Belsch a Schweden gouf an der Hallschent ofgebrach.

De Resumé vun de Matcher am Grupp F
Éisträich qualifizéiert sech fir d’EM géint den Aserbaidschan. Deen anere Match tëscht der Belsch a Schweden gouf iwwerdeems ofgebrach.

Back to Top
CIM LOGO