
Saint-Gilloise mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris geréit géint Braga mat 1:3 a Réckstand, ka sech um Enn vun enger animéierter Partie awer nach iwwert ee Punkt freeën. Dësen 3:3 geet fir Saint-Gilloise opgrond vum knappe Succès vun Union Berlin géint Malmö awer nach net duer, fir sech sécher fir d’K.o.-Phas vun der Europa League ze qualifizéieren. Trotzdeem huet ee mat 10 Punkten aus 4 Matcher gutt Chancen, fir an déi nächst Ronn anzezéien.
Freiburg gewënnt de Retourmatch zu Nantes däitlech mat 4:0 a séchert sech domat virzäiteg d’Qualifikatioun fir déi nächst Ronn. No dräi Goler an de leschten 20 Minutte feieren d’Breisgauer déi 4. Victoire am 4. Match a sti mat 5 Punkten Avance un der Tabellespëtzt.
Och Betis Sevilla iwwerwantert duerch den 1:1 géint d’AS Roma sécher an Europa. Déi spuenesch Féierung duerch dem Canales säin Distanzschoss gouf vum Belotti egaliséiert, ma fir méi ass et fir Roum net duergaangen. D’Formatioun vum Jose Mourinho steet den Ament op der drëtter Plaz hannert Ludogorets Razgrad.
Manchester United wënnt an der Nospillzäit mat 1:0 duerch ee Gol vum McTominay géint Omonia Nikosia a mécht ee ganz grousse Schrëtt a Richtung K.o.-Phas. Well Real Sociedad parallel géint Sheriff Tiraspol gewënnt, stinn d’Basken zumindest als 1/16-Finalist fest.
Arsenal geet an Norwegen ee Gol vum Saka duer, fir d’Partie géint Bodø/Glimt fir sech ze entscheeden a weider ouni Punktverloscht un der Spëtzt ze bleiwen. Wéinst dem Verréckele vun engem Match mussen d’"Gunners” awer och nach dräimol spillen, zweemol dovu géint de PSV Eindhoven.