Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSaint-Gilloise spillt mam Anthony Moris 3:3 géint Braga

RTL Lëtzebuerg
An der Conference League verléiere Köln an Austria Wien ouni déi blesséiert Mathias Olesen a Marvin Martins.
© AFP

Saint-Gilloise mam Anthony Moris kënnt doheem géint Braga net iwwert een 3:3 eraus a verpasst domat déi virzäiteg Qualifikatioun fir déi nächst Ronn vun der Europa League. D’Portugise waren no engem Hattrick vum Vitinha 1:3 a Féierung gaangen, Saint-Gilloise konnt an engem animéierte Match awer nach eemol zréckkommen. Domat bleift d’Union awer Tabelleleader an huet weider ganz gutt Chancen op d’Weiderkommen.

Den 1. FC Köln muss sech iwwerdeems an der Conference League mat 0:2 bei Partizan Belgrad geschloe ginn. Den Anzuch an déi nächst Ronn gëtt domat nees méi schwéier fir déi däitsch Ekipp, déi weider ouni de blesséierte Mathias Olesen auskomme muss.

An der Conference League muss och Austria Wien sech no engem spéide Gol mat 0:1 geschloe ginn. Déi éisträichesch Ekipp, bei där de Marvin Martins den Ament verletzt ass, steet no véier Matcher mat engem Punkt op der leschter Plaz an huet just nach kleng Chancen op d’Weiderkommen.

Back to Top
CIM LOGO