
Den Titelverdeedeger Peter Wright huet sech do nämlech iwwerraschend misse geschloe ginn. De Gabriel Clemens aus Däitschland huet all Feeler vum Snakebite ausgenotzt, fir de Match mat 4:3 ze gewannen. Domat kann de Wright säin Titel aus dem leschte Joer net verdeedegen a fir de Clemens ass et déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt hien de Sprong an de 4. Tour packt.
Dëst ass mat der Néierlag vum Michael Smith déi gréissten Iwwerraschung vun der WM bis elo.