Event vum INAPS"Gamechangers - fir e staarke Benevolat am Sport"

Tom Hoffmann
Ouni si leeft an de Veräiner net vill. De Benevolat ass ee vun de wichtegste Pilieren am Sport. Genee dowéinst huet den INAPS fir déi drëtten kéier den Event "Gamechangers – fir e staarke Benevolat am Sport" organiséiert.
"Gamechangers - fir e staarke Benevolat am Sport"
Ouni si leeft an de Veräiner net vill. De Benevolat ass ee vun de wichtegste Pilieren am Sport.

Dobäi gouf emol méi genee gekuckt, wou de Schong wierklech dréckt.

De finanziellen Drock op d'Veräiner klëmmt, d'Sich no Sponsore gëtt ëmmer méi schwiereg an och nei Benevoller ze fannen, ass net méi selbstverständlech. Dës an aner Punkte ginn aus engem Sondage ervir, un deem ronn 870 Persounen deelgeholl hunn.

Dobäi kënnt nach eng weider Entwécklung: Vill Leit wëllen haut méi flexibel Sport maachen a sech net méi iwwer Joren un ee Veräi bannen.

De Charles Stelmes (Direkter vum INAPS): "Bei der Ëmfro ass erauskomm, datt virun allem am Beräich vun de Ressourcen, déi de Veräiner zur Verfügung stinn, fir hir Programmer, hir Trainingen ëmzesetzen, dass dat ëmmer méi schwiereg gëtt an de Réckgang vum Benevolat, wat virun allem fir de Sport, denken ech, eng enorm Erausfuerderung ass, well de Sport quasi komplett op Benevolat opgebaut ass."

Fir de Veräiner ënner d'Äerm ze gräifen, setzt den INAPS op verschidde Mesuren. Nieft dem neie System fir finanziell Hëllefen unzefroen, sollen och weider Adaptatiounen dozou bäidroen, dem Réckgang vum Benevolat entgéintzewierken.

D'Sportministesch Martine Hansen: "Mir hunn ëmmer manner Benevoller. Dat ass och eng Saach vun de Generatiounen. An eeben d'Leit schaffen dee ganzen Dag, d'Leit hunn dann och nach eng Famill, dann hu se net onbedéngt Zäit, fir sech benevol ze engagéieren. Dat heescht, do musse mer kucken, datt Veräiner gestäerkt ginn an och vläicht Moyene kréien, déi Benevollen, déi do sinn, ze entlaaschten, well deen administrativen Opwand gëtt ëmmer méi grouss, fir ebe vläicht Personal ze bezuelen, an datt en dann, déi Benevollen, dat kënne maachen, wat se wierklech gäre wëlle maachen, well déi meescht wëllen net onbedéngt an op de Büro déi ganzen Zäit sëtzen.

Op dësem Event goufen och eng Rei Mesurë presentéiert. Dorënner Formatiounen iwwer Theme wéi Eventmanagement oder Sponsoring sollen organiséiert ginn an eng Hotline mat perséinlechem Kontakt fir Veräiner, wou och juristesch Froe beäntwert kënne ginn, ass schonn en place.

Donieft ass geplangt, de Gemengentour weiderzeféieren an dräi regional Workshoppen op Been ze stellen.

Dës Mesurë weisen, dass den INAPS d'Sportveräiner méi geziilt ënnerstëtze wëll, fir dem Réckgang vum traditionelle Benevolat entgéintzewierken, dass dësen och an Zukunft de Motor vum Lëtzebuerger Sport bleift.

Liest hei d'Broschür vum INAPS zu "Gamechangers - fir e staarke Benevolat am Sport"

Back to Top
CIM LOGO