
No hirer Blessur ass d'Kimberly Nelting zeréck. Déi jonk Lëtzebuergerin huet sech de Weekend bei den Austrian Open am Vorarlberg d'Goldmedail am Kumite bei den U21 an der Gewiichtsklass ënner 61 Kilogramm geséchert.
Donieft gouf et nach 4 Bronzmedaile fir Lëtzebuerg. Am Kumite ass den David Marques bei de Junioren ënner 76 Kilogramm op déi drëtte Plaz komm. Dat nämmlecht ass dem Jordan Neves bei den U21 ënner 67 Kilogramm gegléckt an dem Anyssa Martins Pereira bei de Cadettes ënner 54 Kilogramm. Am Kata huet sech den Dylan Leite bei den U21 dann och nach Bronz geséchert.