
Bei enger Gehiererschütterung kann et zu enger kuerzer, heiansdo awer och zu enger méi laanger Funktiounsstéierung vum Gehier kommen. Et gëllt also, bei esou engem Accident, richteg ze reagéieren an och déi richteg Diagnose ze stellen. Zanter bal 3 Joer gëtt et zu Lëtzebuerg eng “Clinique de la Commotion Cérébrale”. De Guy Seyler huet sech beim Dokter José Azzolin aus der Eecher Klinik informéiert.
Jidderee kennt déi Biller, wou zwee Sportler mat de Käpp zesumme knuppen. D’Symptomer ginn heefeg ënnerschätzt.
D‘Genéck ze schützen, ass fir den Dr. Azzolin eng éischt a wichteg Mesure: “Wann d’Genéck net geschützt gëtt, da riskéiert een, Probleemer ze maachen. Dofir eng Sécherheetslag, eng Säitelag. Esou bal en erëm zou sech kënnt, gëtt gekuckt: Ass säi Genéck schmäerzhaft oder net? Progressiv ginn dann Tester gemaach, Evaluatiounen, Mat engem Score gëtt gefrot: Wou ass en? Wéi een Dag si mer? Wéi e Mount? Wéi heescht en? Mat wiem ass en do? Oder a wéi enger Halbzeit ass en?”
De Spiller am Zweiwelsfall erëm zréck op den Terrain ze schécken, ass keng gutt Iddie, seet den Dr. Azzolin: “Dat ass richteg geféierlech. Éischtens si se net méi leeschtungsfäeg, well si wëssen eigentlech guer net méi, wou si dru sinn. Zweetens riskéiere se, wa se e Kappball maachen, eng Bluddungsstéierung. Drëttens riskéiere se, sech nach zousätzlech ze verletzen.”
Wa bei där betraffener Persoun de Verdacht op eng Gehiererschütterung besteet, wat soll se da maachen, Dr. Azzolin? “Mir hunn eng Gehiererschütterungsklinik elo säit zwee an en halleft, dräi Joer. Déi leeft iwwer Email. Si schécken en Email. An da kréie se gesot, si missten direkt bei eis kommen. Si gi fir d’éischt an d’Sekretariat, ginn da bei d’Infirmière geschéckt, déi eng Evaluatioun mécht. Duerno gi se vum Dokter gesinn. Da kréie se Uweisungen, wéi si sech solle verhalen.”
Dat alleréischt sinn 24 bis 48 Stonne Rou. Duerno geet et dann awer direkt lass mat kognitiven Übungen: eppes liesen, verstoen. Net ze laang. Eng Véierelsstonn. An dann awer och schonn zousätzlech liicht sportlech Aktivitéiten: “Trëppelen. Liicht Vëlofueren, mat enger gewësser Häerzfrequenz. Dat gëtt vun Dag zu Dag frësch evaluéiert. Geet et gutt, en hat kee Kappwéi, en hat keng Schwieregkeeten, en ass net méi midd duerno. Da kann een deen Niveau duerno maachen, deen e bësse méi laang ass. Mam Léieren, an der Konzentratioun sinn oder och am Sport. Wat mir hinnen total verbidden an den éischten Deeg, dat ass alles, wat Schierm ass:Telefon, iPad, Facebook, PC, Televisioun, eben wéinst deem zousätzleche Reiz, deen d’Gehier do kritt. Fir ze recuperéieren, fir sech ze regeneréieren, brauch et haaptsächlech Rou.”

De Risiko ass, ze séier an ze vill unzefänken. Esoubal d’Häerzfrequenz oder de Bluttdrock an d’Luucht ginn, kritt ee Kappwéi. Dat probéiere se, bei der Behandlung duerch e „Step by Step“ ze evitéieren. Meeschtens ass no zwou Wochen erëm alles ok. Allerdéngs ginn et och Fäll, wou Regeneratioun vum Gehier sech net esou séier mécht. “Do hu mir Sportler, déi zum Beispill haut eng Gehiererschütterunge maachen, an no 4 Méint nach net à même sinn, fir hire Sport mat engem héijen Niveau weider ze féieren. Well de Bols ze héich ass, well se direkt Kappwéi kréien, wa se e bësse méi maachen. Well se d’Konzentratiounsfähegkeeten net méi hunn. Well se d’Prezisioun vum Geste net méi hunn.”
An 99,9 % vun de Fäll geet och dat erëm an d’Rei, seet den Dr. Azzolin. Da bleift eng ganz minim Zuel, déi e spezielle Suivi brauchen. Do ginn et dann extra Klinicken, wou wärend e puer Wochen eng speziell Prise en Charge gemaach gëtt. Gehiererschütterunge soll een net op déi liicht Schëller huelen. Awer och net direkt a Panik verfalen.
Wie méi iwwer méiglech Risiken vu Gehiererschütterunge wësse wëll a firwat elo méi driwwer gefuerscht gëtt, deem kann ech e Film mam Will Smith vun 2015 proposéieren: “Concussion” ass den original Titel. “Erschütternde Wahrheit” heescht en op däitsch. “Seul contre tous” op franséisch.