Internationale FuttballGladbach iwwerrennt Wolfsburg, keng Goler tëscht Montpellier an Nice

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg den Owend waren all Kéiers eng Partie aus der däitscher Bundesliga an der franséischer Ligue 1.
© FEDERICO GAMBARINI / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Bundesliga

Borussia Mönchengladbach - VFL Wolfsburg 4:0
1:0 Cvacara (16'), 2:0 Reitz (42'), 3:0 Honorat (64'), 4:0 Pléa (71')

Et war en Duell aus dem Mëttelfeld vun der Bundesliga. Gladbach mat 10 Punkten no 11 Matcher huet Wolfsburg, déi 13 Punkten no 11 Match hat doheem empfaangen. D’Fohlen hunn awer vun Ufank u gewisen, datt si dëst d’Kéier d’Punkten doheem hale wollten an si schonn no 16 Minutten duerch den Cvancara a Féierung gaangen. Kuerz virun der Paus huet de Reitz nach op 2:0 erhéicht. Kuerz no der Paus huet Wolfsburg séier dräi Mol gewiesselt, ma d’Bild um Terrain sollt sech net vill veränneren. No eppes iwwer enger Stonn huet den Honorat op 3:0 gesat an de Pléa huet an der 71. Minutt esouguer de véierte Gol fir Gladbach geschoss. Wolfsburg dogéint konnt an dëser Partie net jubelen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Ligue 1

HSC Montpellier - OGC Nice 0:0

Anescht wéi an der Bundesliga goufen d’Fans vun der Ligue 1 net mat Goler verwinnt. Am Duell vun den zwee Veräiner um Mëttelmier sollt et bei engem 0:0 bleiwen, dobäi haten awer béid hir Chancen, déi se net genotzt hunn. Nice war dann iwwert de ganze Match déi liicht méi dominant Ekipp, konnt awer just ee Punkt mathuelen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO