Vëlossport: WM zu MontrealGrouss Iwwerraschung: Brandon McNulty neie Weltmeeschter

RTL Lëtzebuerg
En solitaire feiert de Brandon McNulty säi gréissten Erfolleg a senger Karriär. Mat um Podium stinn den Michael Matthews an de Mathieu van der Poel. Fir Lëtzebuerg stoung den Arno Wallenborn um Depart.
Den US-Amerikaner Brandon McNulty ass sensationell neie Weltmeeschter a léisst déi grouss Favoritten all hannert sech
Den US-Amerikaner Brandon McNulty ass sensationell neie Weltmeeschter a léisst déi grouss Favoritten all hannert sech
© AFP

Um Parcours iwwer 273.4 Kilometer vu Brossard op Montreal hunn d'Spectateuren déi lescht 130 Kilometer een absolutte Spektakel gesinn. Et war eng immens offensiv Course bei där quasi all grouss Favoritten attackéiert hunn. Bis zum Schluss war et eng oppe Course bei där net gewosst war wien um Enn de grousse Gewënner sollt sinn. De Brandon McNulty huet 31 Kilometer virun der Arrivée attackéiert an et ass am Laf vun der Schlussphase kengem Coureur gegléckt d'Lach zou ze fueren. Et ass dem Coureur vun UAE Team Emirates säi gréissten Erfolleg a senger Karriär.

2016 ass de Brandon McNulty Junior-Zäitfuerweltmeeschter ginn. Elo 10 Joer méi spéit ass en neie Weltmeeschter op der Strooss.

De Podium komplettéieren den Australier Michael Matthews an de Hollänner Mathieu van der Poel. Hannendrun klasséieren sech den Quinn Simmons, Isaac del Toro, Mads Pedersen, Tom Pidcock, Matteo Jorgenson, Giulio Ciccone a Ben Healy an den Top 10.

Den Titelverdeedeger Tadej Pogacar stoung e Sonndeg no senger Chutte bei der Vuelta net um Depart. De Tricot vum Weltmeeschter bleift no McNulty senger Victoire awer an der Ekipp vun UAE.

Den eenzege Lëtzebuerger um Depart, den Arno Wallenborn huet relativ frei opginn an ass d'Course deemno net op en Enn gefuer.

Bei den Dammen ass d'Course e Samschdeg gefuer ginn. Hei konnt sech Demi Vollering am Sprint duerchsetzen a sech als nei Weltmeeschterin feiere loossen. D’Nina Berton koum op déi 36. Plaz.

De Brandon McNulty gëtt vu senge Gefiller iwwerrannt
De Brandon McNulty gëtt vu senge Gefiller iwwerrannt
© AFP

Resumé vun der Course

3.803 Héichtenmeter hunn d'Coureueren e Sonndeg den Owend ronderëm Montreal missen zeréck leen. E Parcours, dee virun allem um Pabeier de Klassiker a Bier-Spezialisten huet dierften ze gutt kommen.

Et huet sech relativ fréi an der Course eng 16 Mann staark Grupp ofgesat. De maximale Virsprong dee si op de Peloton krute war bei em déi 7:30 Minutten. Ronn 160 Kilometer virun der Arrivée huet déi franséisch Nationalekipp ugefaangen den Tempo am Peloton ze erhéischen, dat fir hiere Kapitän de Paul Seixas. De Virsprong vun der Echappée ass zu dësem Moment och spierbar méi kleng ginn a louch bei 125 Kilometer virun der Arrivée just nach bei 2 Minutten. 106 Kilometer virun der Arrivée war d'Echappée Geschicht, an d'Course ass nei lancéiert ginn.

Et sollt dann och alt ze laang daueren bis sech eng nei Grupp ofgesat huet. 4 Coureure konnten sech zesummen doen, dat waren de Primoz Roglic, Mathieu van der Poel, Quinn Simmons an Oscar Onley. An enger zweeter Grupp waren mam Wout van Aert, Paul Seixas, Isaac del Toro a Tom Pidcock weider Favoritten.

An enger rasanter Course, bei där quasi all Coureur an d'Offensiv gaangen ass, hu sech ëmmer nees nei Gruppen forméiert. 31 Kilometer virun der Arrivée huet den Amerikaner Brandon McNulty d'Herz an d'Hand geholl, attackéiert, a sech e Virsprong vu maximal 1 Minutt eraus gefuer. Hannendrun koum net wierklech eng Reaktioun, sou dass et op deenen leschte Kilometeren just nach em Sëlwer - a Bronzmedail gaangen ass.

Hannert dem McNulty fueren den Michael Matthews an de Mathieu van der Poel op d'Plazen Zwee an Dräi. Hannendrun klasséieren sech den Quinn Simmons, Isaac del Toro, Mads Pedersen, Tom Pidcock, Matteo Jorgenson, Giulio Ciccone a Ben Healy.

De Remco Evenepoel fiert op d'Plaz 12, de Paul Seixas op déi 15.Plaz.

Back to Top
CIM LOGO