Roland GarrosIwwerraschend Out fir d'Bianca Andreescu am 1. Tour

RTL Lëtzebuerg
D'Kanadierin huet sech e Méindeg am éischten Tour mat 7:6, 6:7 a 7:9 géint d'Tamara Zidansek aus Slowenien misse geschloe ginn.
© AFP (Archiv)

D’Nummer 7 an der Weltranglëscht hat de ganze Match iwwer mat hirem Spill ze kämpfen. Si huet ganz vill Feeler selwer gemaach an huet dunn um Enn och mat engem eegene Feeler de Match verluer.

Domat ass nieft dem Thiem bei den Hären och elo bei den Dammen déi éischt Favoritin dobaussen. Eng kleng Iwwerraschung gouf et zwar schonns, well d’Madison Brengle d’Camilla Osorio Serrano eliminéiert huet, ma déi jonk Kolumbianerin huet awer net wierklech zum Favorittekrees gehéiert.

Back to Top
CIM LOGO