
De Norweger Johannes Thingnes Bö ka seng Féierung am General weider ausbauen. Beim Massestart iwwer 15 Kilometer zu Ruhpolding an Däitschland konnt sech de Norweger am Sprint géint den Éisträicher Julian Eberhard mat 0,6 Sekonne Virsprong behaapten. De Podium komplettéiere konnt de Fransous Quentin Fillon Maillet, viru sengem Landsmann Martin Fourcade, deen um Enn de 4. gouf.
Am General bleift de Bö mat 662 Punkten un der Spëtzt, dëst virum Russ Alexander Loginov, deen 476 Punkten um Compte huet.
Bei den Damme kann d'Franziska Preuß de Massestart am eegene Land wannen. Déi däitsch Schifuererin konnt sech no 12,5 Kilometer mat nëmmen 0,2 Sekonne Virsprong virum Ingrid Landmark Tandrevold aus Norwegen behaapten. Drëtte gouf d'Paulina Fialkova aus der Slowakei.
Am General bleift d'Dorothea Wierer aus Italien un der Spëtzt virun hirer Landsfra Lisa Vittozzi.
[comments