Vu e Sonndeg u gëtt déi 84. Editioun vu Paris - Nice gefuer. Den duebelen Tour-de-France-Vainqueur Jonas Vingegaard gëtt allgemeng als Favorit gehandelt a géif dës Course gäre fir déi éischte Kéier a senger Karriär gewannen. 2023 war den Dän den 3. am Generalklassement. D’lescht Joer war de Vingegaard no enger Chute an enger Verletzung um Handgelenk d’Course net bis op en Enn gefuer. Seng gréisste Konkurrenten heesche Juan Ayuso, Joao Almeida, Dani Martinez, Oscar Onley a Kevin Vauquelin.
Zwee Lëtzebuerger an der Course
De Lëtzebuerger Champion Arthur Kluckers an den Alex Kirsch si bei Paris - Nice um Depart. Allebéid wäerte si eng wichteg Roll an hiren Ekippe spillen. Den Arthur Kluckers fiert fir dat 4. Joer an der Schwäizer Ekipp a wäert de Mathys Rondel sou gutt wéi méiglech ënnerstëtzen. Och am Ekippen-Zäitfueren en Dënschdeg dierft hien zu deene beschte gehéieren. Den Alex Kirsch kritt an den éischten Deeg d’Aufgab, sech ëm de belsche Sprinter Milan Fretin ze këmmeren. De Fretin huet seng gréisste Victoire bis elo bei méi klenge Coursse gefeiert a wëll lo och an der World Tour confirméieren.
De Parcours
Wéi gewinnt fänkt Paris - Nice am Département des Yvelines un. Déi éischt Etapp versprécht eng spannend Finall mat e puer klenge gëftege Koppen op deene leschte Kilometer. Den zweeten Dag ass um Pabeier méi einfach a misst mat engem Sprint op den Enn goen. Den Dënschdeg ass et en Ekippen-Zäitfueren iwwer 23,5 Kilometer, éier de Parcours méi schwéier gëtt. Déi zwou lescht Etappe kënnen d’Generalklassement nach eemol richteg op d’Kopp dréien.
Paris - Nice gëtt all Dag um 1. RTL an op RTL Play Live iwwerdroen.